Op den Inhalt sprangen

Natur- a Bëschverwaltung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Forstverwaltung)
Natur- a Bëschverwaltung
D'Récksäit vun der Natur- a Bëschverwaltung zu Dikrech
Natur- a Bëschverwaltung
Land Lëtzebuerg
Secteur Bësch
Leedung Michel Leytem
Verwaltungssëtz Dikrech
Adress 81, avenue de la Gare L-9233 Dikrech
Ënnersteet der/dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit
Gegrënnt 1. Juli 2009
Um Spaweck https://anf.gouvernement.lu/fr.html, https://anf.gouvernement.lu/de.html, https://anf.gouvernement.lu/en.html, https://anf.gouvernement.lu/lb.html

D'Naturverwaltung (franz.: Administration de la nature et des forêts - ANF), ass eng staatlech Verwaltung zu Lëtzebuerg, déi zoustänneg fir d'natierlech Ëmwelt ass. Si ënnersteet dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.

Dës Verwaltung ass aus der Forstverwaltung (Administration des eaux et forêts) ervirgaangen, déi den 1. Juli 2009 duerch d'Gesetz vum 5. Juni 2009 op Naturverwaltung ëmbenannt gouf[1].

D'Naturverwaltung huet hiert Haaptgebai zu Dikrech.

  • Naturschutz, Erhale vun den natierleche Ressourcen, vun der Biodiversitéit a vun de Landschaften;
  • Erhalen an nohalteg forstlech Verwalte vum ëffentleche Bësch[2];
  • Promotioun vun enger nohalteger forstlecher Bewirtschaftung an de private Bëscher;
  • Schutz an nohalteg Bewirtschaftung vum Wëld;
  • Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet an de Beräicher Natur a Bëscher;
  • Iwwerwaachen a Police an de beräicher Naturschutz, Bëschschutz, Juegd a Fëscherei.

Centres nature et forêt

[änneren | Quelltext änneren]

D'Naturverwaltung geréiert fënnef Centres nature et forêt, mat der Missioun iwwer den Naturschutz z'informéieren[3]. Vu jiddwerengem vun deene fënnef Zentre geet e Naturléierpad fort.

Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Naturverwaltung ass follgendermoosse strukturéiert:

  • Services de support
    • Bureau central
    • Service Affaires juridiques et Missions de police
    • Service Communication et Sensibilisation
    • Service Finances et Ressources humaines
    • Service Informatique et Cartographie
    • Service Gestion de projets et Quality Management
  • Services conceptuels
    • Service Autorisations
    • Service Compensation
    • Service Faune sauvage et Chasse
    • Service Forêts
    • Service Nature
  • Services operationnels
    • Arrondissement Centre-Est
    • Arrondissement Centre-Ouest
    • Arrondissement Est
    • Arrondissement Nord
    • Arrondissement Sud

2015 huet d'Naturverwaltung 410 Mataarbechter beschäftegt : 280 Aarbechter, 80 Fierschteren, 20 Ingenieuren a Biologen an 30 Bureausbeamten[3].

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Den Territoire vu Lëtzebuerg ass a 64 Revéieren agedeelt, déi jeeweils vun engem Fierschter betreit ginn. Déi Revéiere sinn a fënnef Arrondissementer regroupéiert[4]:

  • Arrondissement Nord mat 11 Revéieren:
    • Haute-Sûre Sud, Grosbous, Haute-Sûre Nord, Rambrouch, Harlange, Hosingen, Wiltz, Clervaux, Wincrange, Kiischpelt, Weiswampach.
  • Arrondissement Centre-Est mat 14 Revéieren:
    • Berdorf, Tandel, Rosport-Mompach, Marscherwald, Rosport-Mompach, Beaufort, Consdorf, Larochette, Echternach, Vianden, Schieren, Medernach, Diekirch, Ettelbruck.
  • Arrondissement Centre-Ouest mat 14 Revéieren:
    • Boevange, Mersch/Ouest, Beckerich, Mersch/Est, Hobscheid, Steinsel, Steinfort, Kehlen, Lorentzweiler, Bissen, Mamer, Colmar-Berg, Redange, Préizerdaul.
  • Arrondissement Est mat 15 Revéieren:
    • Grünewald, Schengen, Flaxweiler, Wormeldange, Dalheim, Grevenmacher, Contern, Betzdorf, Grünewald, Niederanven, Senningerberg, Remich, Junglinster, Manternach, Biwer.
  • Arrondissement Sud mat 12 Revéieren:
    • Sanem, Differdange, Strassen, Luxembourg, Roeser, Clemency, Luxembourg, Dudelange, Bettembourg, Kayl, Leudelange, Esch/Alzette

D'Naturverwaltung am Laf vun der Zäit

[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit huet den Numm vun der Verwaltung changéiert[5]:

  • Administration forestière (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840[6])
  • Administration des eaux et forêts (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
  • Administration de la nature et des forêts (Gesetz vum 5. Juni 2009[1])

Och den Titel vum Chef vun der Verwaltung gouf mat der Zäit ugepasst[5]:

  • “maître forestier” (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840)
  • “garde général en chef” (Gesetz vum 14. November 1849[8])
  • “inspecteur des eaux et forêts” (Gesetz vum 17. Mee 1874[9])
  • “directeur” (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])

D'Leit un der Spëtz vun der Forstverwaltung mat dem Joer vun der Nominatioun[10]:

 Commons: Natur- a Bëschverwaltung – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Loi du 5 juin 2009 portant création de l'Administration de la nature et des forêts - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 19.07.2021.
  2. ↑ Den ëffentleche Bësch, op Franséisch forêt soumise genannt, besteet aus Bëscher, déi dem Staat, de Gemengen, den ëffentlechten Etablissementer oder de Kierchefabrécken gehéieren
  3. 1 2 Rita Ruppert, 2015. "Administration de la nature et des forêts" besteht seit 175 Jahren. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 18.
  4. ↑ (en) Directory. anf.gouvernement.lu (15.02.2018). Gekuckt den 09.07.2020.
  5. 1 2 Wolter 2015, S. 173.
  6. ↑ Ordonnance royale grand-ducale du 1er juin 1840 concernant l'organisation de la partie forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 19.07.2021.
  7. 1 2 Loi du 7 avril 1909 concernant la réorganisation de l'Administration des Eaux et Forêts. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 19.07.2021.
  8. ↑ Loi forestière du 14 novembre 1849. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 19.07.2021.
  9. ↑ Loi du 17 mai 1874 sur les traitements du personnel supérieur de l'administration forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 19.07.2021.
  10. ↑ Wolter 2015, S. 181.
  11. ↑ Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 20 septembre 2001
  12. ↑ (fr) Un nouveau directeur pour l'Administration de la nature et des forêts au 1er novembre 2023. gouvernement.lu (20.10.2023). Gekuckt den 20.10.2023.