Princeton Universitéit
Ausgesinn
|
| |
|
| |
| Princeton University | |
|---|---|
| Typ | Fuerschungsuniverstéit |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Uertschaft | Princeton |
| Schülerzuel | 8.799 |
| 1. September 2021 | |
| Gegrënnt | 1746 |
| Grënner | John Witherspoon |
| Koordinaten | 40°20'43"N, 74°39'22"W |
| Um Spaweck | https://princeton.edu |
|
| |
D'Universitéit vu Princeton (Princeton University) ass eng Privatuniversitéit an der amerikanescher Stad Princeton am Staat New Jersey.
Als Member vun der Ivy League, gëtt si als eng vun de bedeitendsten Universitéiten an der Welt betruecht. Si gouf 1746 als College of New Jersey gegrënnt an huet 1896 de Rang vun enger Universitéit kritt.
Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Perséinlechkeeten, déi op der Universitéit vu Princeton studéiert oder enseignéiert hunn, waren:
- Arthur Holly Compton (1892-1962) US-amerikanesche Physiker
- Charles Conrad (1930-1999), US-amerikaneschen Astronaut
- Saud ibn Faisal (1940-2015), saudi-arabesche Member vun der Kinneksfamill
- Val Fitch (1923-2015), US-amerikanesche Physiker
- F. Scott Fitzgerald (1896-1940) US-amerikanesche Schrëftsteller
- John Forbes Nash, Jr. (1928-2015), US-amerikanesche Mathematiker
- Mel Ferrer (1917-2008) US-amerikanesche Schauspiller
- Joschka Fischer (gebuer 1948), däitsche Politiker
- John Kenneth Galbraith (1908-2006), Ekonomist an Diplomat
- Margaret Geller (gebuer 1947), US-amerikanesch Astrophysikerin
- Russell Hulse (gebuer 1950), US-amerikanesche Physiker
- Roger Penrose (gebuer 1930), englesche Mathematiker an theoreetesche Physiker
- Alan M. Turing (1912-1954), brittesche Mathematiker
- Hans Mommsen (1930-2015), däitschen Historiker
- Toni Morrison (1931-2019), US-amerikanesch Schrëftstellerin
- Lyman Spitzer (1914-1997), US-amerikaneschen Astrophysiker
- James Stewart (1908-1997), US-amerikanesche Schauspiller
- Woodrow Wilson (1856-1924), US-amerikanesche President
- Aleksander Wolszczan (gebuer 1946), polneschen Astronom
Lëtzebuerger
[änneren | Quelltext änneren]- Anna Leader (gebuer 1996), lëtzebuergesch-US-amerikanesch-brittesch Dichterin a Schrëftstellerin
- Jean-Luc Lehners (gebuer 1978), lëtzebuergeschen Astrophysiker
- Arno J. Mayer (1926-2023), US-amerikaneschen Historiker mat lëtzebuergeschen Originnen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Princeton University – Biller, Videoen an Audiodateien |
