Op den Inhalt sprangen

Stadion Op der Grenz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stade de la Frontière)
Stadion Op der Grenz
Stadion Op der Grenz
Plaz 4304 Esch-Uelzecht
Adress 40 rue Renaudin
Baujoer 1920
Koordinaten 49° 29’ 09.3’’ N
      5° 58’ 37.1’’ O
Veräin Jeunesse Esch
Capacitéit
Total 5.400
Sëtzplazen 1.200
D'Entréesportal.

De Stadion Op der Grenz (Stade de la Frontière) ass e Foussballstadion an der Hiehl, am Quartier Grenz[1] zu Esch-Uelzecht. E läit an der Rue Renaudin an huet ronn 5.400 Plazen, dovun 1.200 Sëtzplazen.[2]

Et ass den Heemstadion vun der Jeunesse Esch, a gëtt dofir och dacks einfach Jeunesse-Terrain genannt.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nodeems d'Jeunesse vun 1907 bis 1920 op verschiddene Plazen zu Esch gespillt huet (um Kazebierg, zu Lalleng, …), krut se 1920 hiren eegene feste Stadion op der Grenz.[3]

An den 1930er Jore gouf d'hëlze Palissad mat enger Zillemauer ersat, d'Gradine goufe vergréissert, an an der Renaudinstroosss gouf e Portal am Stil vum Modernismusopgeriicht, dat vum Christian Scholl entworf gi war; et gouf 1970 nees ofgerappt.

1937 krut de Stadion Op der Grenz, als éischten am Land, eng „Flutliicht-Anlag“[4].

1970 gouf de Stadion nei gebaut an den 2. August mat engem Match géint Ipsich Town ageweit. Pläng aus den 1990er fir de Stadion grondleeënd z'erneiere goufen net realiséiert.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Stade de la Frontière. sport et loisirs - stade de football. topographie.esch.lu Archivéiert de 24.09.2025. Gekuckt de 24.09.2025.
  2. ↑ Presentatioun vum Stadion op der Websäit vun der Jeunesse Esch
  3. ↑ Georges Buchler et al., Esch/Alzette - Geschichte und Architektur Stadtführer, Mersch, Capybarabooks, 2021, S. 172-173.
  4. ↑ "Un témoin de modernisme." In: Den Escher 30 (2016), S.14-15.
  5. ↑ Georges Buchler et al., Esch/Alzette - Geschichte und Architektur Stadtführer, Mersch, Capybarabooks, 2021, S. 176.