CFL 2000
|
D'Automotrice 2006 an der Stater Gare | |
| Constructeur | De Dietrich Ferroviaire, Alstom |
|---|---|
| Bedreiwer | CFL |
| Baujoer | 1990-1992 |
| Numeréierung | 2001-2022 |
| Sëtzplazen | 172 |
| Stéckzuel | 22 |
| Ausgemustert | 2024-2026 |
| Technesch Detailer | |
| Ass en(g) | elektresch Automotrice |
| Bauaart | 2'Bo'+ 2'2' |
| Spuerbreet | Normalspuer (1.435 mm) |
| Déngschtmass | 108,12 Tonnen |
| Motor(en) | 4 × 4EHP 3540 |
| Leeschtung | 1200 kW |
| Längt iwwer Puffer | 50,200 mm |
| Héicht ouni Pantograph | 4,300 mm |
| Maximal Achselaascht | 30,14 Tonnen |
| Héchstvitess | 160 km/h |
| Stroumsystem(er) | 25kV 50 Hz Wiesselstroum |
| Zuchsécherungs- System(er) |
ETCS Memor II+ |
|
| |
D'CFL-Serie 2000 war eng Serie vun 22 Automotricë vum CFL, déi an de Joren 1990 bis 1992 ënner den Nummeren 2001-2022 a Betrib geholl goufen, an am Laf vum Joer 2025 aus dem Verkéier gezu goufen. Well dës Serie aus der grousser franséischer Auromotricëfamill vun den Z2 koum (hire franséische Guet ass d'Z 11500), gouf se zu Letzebuerg och gemenkerhand Z2 genannt.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]Jiddwer Automotrice besteet aus enger Motrice, an engem Steierwon.
D'Automotrice mat der Nummer 2003 ass de 6. Abrëll 1997 um Houwald mat engem Gidderzuch kollidéiert, woubäi d'Motrice zerstéiert gouf. De Steierwon ass duerno ënner der Nummer 2003 mat enger neier Motrice gefuer.
D'2000er sinn dacks als Ramm (Unité multiple) mat bis zu 3 unenenee gekoppelten Unitéite gefuer. Et wier technesch duerchaus méiglech gewiescht, méi Unitéiten ze verbannen, mä verschidde Garen am Land haten en ze kuerze Quai fir sou eng laang Ramm. Donieft war d'Demande op den Asazstrecke vun där Serie seele sou grouss, datt eng véiert Unitéit gebraucht gi wier, a wann dach, da goufen déi Zich éischter mat CFL Dosto Material gefuer.
Am Dezember 2018 huet d'CFL fir am Ganzen 350 Milliounen Euro bei der Firma Alstom 34 Zich aus der Coradia Stream-Baurei bestallt, déi tëscht 2024 an 2025 d'CFL 2000-Serie ersat hunn.[1] Déi éischt Ramm vum Serie 2400 gouf de 5. Januar 2023 op Lëtzebuerg geliwwert.
Den 29. November 2025 sinn déi zwéi lescht Z2-Zich, mat den Nummeren 2009 an 2022, déi nach am Land a Betrib waren, fir d'lescht um Lëtzebuerger Zuchreseau gefuer.[2]
Nimm
[änneren | Quelltext änneren]Véier Automotricë kruten den Numm vun enger lëtzebuergescher Gemeng an hunn och deenen hire Wope gedroen:
- 2001: Mersch
- 2003: Betzdorf
- 2004: Pétange
- 2018: Troisvierges
Asaz
[änneren | Quelltext änneren]D'2000er goufen um ganzen CFL Reseau agesat, dacks als Navett op den Antenne vum Reseau:
- Näerzeng - Rëmeleng
- Beetebuerg - Wuelmereng
- Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth
- Ettelbréck - Dikrech
- Kautebaach - Wolz
Op den CFL Strecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg a Lëtzebuerg-Dikrech hunn d'2000er bis 2025 d'Haaptlaascht gedroen. Um Rescht vum Reseau koume se nëmme sporadesch an den Asaz.
An der Belsch sinn d'2000 eng Zäitchen[Wéini?] bis op Attem a ganz rar bis op Gouvy gefuer. A Frankräich duerften se, well se net mat dem SNCF-Sécherheetssystem KVB ekipéiert waren, zanter …[Wéini?] net méi fueren.
Ausmusterung
[änneren | Quelltext änneren]D'Automotrice mat der Nummer 2003 ass no engem Accident am Joer 2019 zu Lëtzebuerg am Atelier verschrott ginn.
Asaz a Rumänien
[änneren | Quelltext änneren]No der Ausmusterung bei der CFL hunn 20 Automotricen eng nei Heemecht a Rumänie fonnt. 6 Automotricë goufen der neier rumänescher Eisebunnsgesellschaft Ferotrafic TFI verkaaft a 14 Stéck goufe vu Regio Călători kaaft[3][4][5]. Just d'Nummer 2014 ass am Land bliwwen a gouf den 29. Dezember 2025 op Péiteng iwwerfouert fir spéider a betribsfäegem Zoustand am zukünftegen Eisebunnsmusée ausgestallt ze ginn.[6]
Déi 20 Automotricen, déi a Rumänie verkaaft goufen, sinn no an no bei der CFL ausgemustert ginn, an an 4 Etappen am Remorquage iwwer Waasserbëlleg, Konz, Saarbrécken, Aschaffenburg, Nürnberg, Passau an Ungarn an hir nei Heemecht iwwerfouert ginn[6]. Déi 4 Convoien sinn zu follgenden Datumer zu Lëtzebuerg gestart:
- 04.04.2025: 2001, 2016, 2019 an 2021
- 18.06.2025: 2002, 2006, 2007, 2013, 2015 an 2020
- 12.01.2026: 2005, 2010, 2011, 2012 an 2017
- 08.06.2026: 2004, 2008, 2009, 2018 an 2022 (zesumme mat den Lokomotiven 3005, 3007, 3008, 3009, 3010, 3011, 3015 an 3016 aus der Serie 3000)
Déi 6 Automotricen déi Ferotrans TFI gehéieren[Wat fir?], goufe bei Marub SA a Rumänie moderniséiert a sinn zënter dem Fuerplangwiessel am Dezember 2025 am Asaz.[7]
Déi fréier Automotrice 2001 ass zënter Dezember 2025 bei Regio Călători op der Streck Brașov - Bucureşti am Asaz.[8]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Éischt Klass
- Zweet Klass
- D'2022, déi als lescht vun der Serie den 29.11.2025 ausser Betrib geholl gouf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: CFL 2000 – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Uwe Hentschel, Neuer Einsatz der Z2-Triebwagen – Luxemburgs ausrangierte Züge rollen jetzt in Rumänien, wort.lu, 27.05.2026
- D'Serie 2000 vun der CFL op rail.lu
- D'Serie 2000 vun der CFL op Spoorgroep Luxemburg
- D'Serie 2000 op der CFL-Websäit
- D'Serie 2000 vun der CFL op hellertal.startbilder (deutsch)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Alstom livrera 34 trains Coradia aux CFL." paperjam.lu, 19.12.2018.
- ↑ (lb) CFL soen Z2-Zich Äddi: Offiziell lescht Faart fir Zich aus Serie 2000. www.rtl.lu. Gekuckt den 29.11.2025.
- ↑ (en) Reengineering and final maintenance: the CFL Z2s ready for their next adventure. blogcfl.lu (07.02.2025) Archivéiert den 28.05.2026. Gekuckt den 28.05.2026.
- ↑ After decades of service, Z2 railcars are on their way out. luxtimes, 09.04,2025.
- ↑ (ro) Cireasa Doru, Primele rame electrice cumpărate de Ferotrafic TFI au ajuns la Brașov. clubferoviar.ro (10.04.2025) Archivéiert den 28.05.2026. Gekuckt den 28.05.2026.
- 1 2 Automotrices CFL Z2 - Série 2000 Elektrotriebwagen. rail.lu. Gekuckt den 11.01.2026.
- ↑ (en) Andy B, New Private Train Operator to Start Services in Romania. www.andybtravels.com (30.10.2025) Archivéiert den 28.05.2026. Gekuckt den 28.05.2026.
- ↑ (ro) Compania Regio Călători introduce în circulație ramele electrice CFL clasa 2000 achiziționate din Luxemburg. www.romania-feroviara.eu (23.12.2025) Archivéiert den 28.05.2026. Gekuckt den 28.05.2026.
