Op den Inhalt sprangen

CMYK-Faarfmodell

Vu Wikipedia
Mat der Kombinatioun vun allkéiers zwou vun de Faarwe Cyan, Magenta a Giel kritt ee rout, gréng a blo. D'Kombinatioun vun de Faarwen alleguer ergëtt en net-perfekt Schwaarz.

Den CMYK-Faarfmodell ass eng subtraktiv Faarfmëschung, deen am Faarfdrock benotzt gëtt an dee gläichzäiteg och den Drockprozess beschreift. D'Ofkierzung CMYK bezitt sech op déi véier Faarfkomponenten, déi beim Drock benotzt ginn: Cyan, Magenta, Yellow fir Giel a K (key) fir den Undeel u schwaarzer Faarf.

CMYK ass e Faarfmodell dee vun den Apparater ofhänkt: e beschreift haaptsächlech d'Proportiounen, an deenen en Apparat d'Faarfkomponente kombinéiere soll, fir eng spezifesch Faarf ze produzéieren. Wéi sou eng Faarf am Drock ausgesäit hänkt vun der Drocktechnik, de benotzte Grondfaarwen an och vun der Uewerfläch of, op déi gedréckt gëtt.

Den CMYK-Drockprozess gouf fir d'éischt an den 1890er Jore fir faarweg Illustratiounen an Zeitungen a fir Comics ëmgesat.

Eng Faarf gëtt am CMYK-Faarfmodell beschriwwen andeems een d'Prozentwäerter fir Cyan, Magenta, Giel a Schwaarz ugëtt. D'Faarf gëtt als Véierergrupp ausgedréckt, als Beispill CMYK(20 %, 50 %, 0 %, 10 %).


En Uebststand


Déi eenzel Couchë vum Bild, vu lénks no riets: Cyan, Magenta, Giel a Schwaarz

 Commons: CMYK-Faarfmodell – Biller, Videoen an Audiodateien