Claude Robinet
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Claude Robinet | |
|---|---|
| Gebuer |
5. Mäerz 1976 Lëtzebuerg |
| Alter | 50 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | École royale militaire |
| Aktivitéit | Offizéier |
|
| |
De Claude Robinet, gebuer de 5. Mäerz 1976 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Arméisoffizéier a Generol.
Hien ass zanter dem 1. Oktober 2026, als Nofollger vum Steve Thull, Chef d'État-major vun der Lëtzebuerger Arméi.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet op der École royale militaire zu Bréissel studéiert a gouf 1999 zum Leitnant ernannt. 2007 krut hien en Diplom vun der École d'état-major deemools zu Compiègne, an huet och nach 2017 op der National Defense University zu Washington D.C. e Master of Science an National Resource Strategy, mat Spezialiséierung an der Nationaler Sécherheets- a Verdeedegungsstrategie, Leadership, Ressourcë-Strategie, souwéi Robotik an Autonom Systemer gemaach.[2]
2002 huet hien de lëtzebuergeschen Detachement bei Kosovo-Force (KFOR) vun der NATO commandéiert, a war duerno 2005, 2011 an 2012 bei den internationalen Assistenz- a Sécherheetskräften am Afghanistan am Asaz.
Ier hie Chef d'État-major gouf, war hie Chef vum Departement "Transformatioun" vun der Arméi a Representant vu Lëtzebuerg bei der Belscher Arméi.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Claude Robinet – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Curriculum Vitae op rtl.lu, (o.D.)
- ↑ Quell vun dësem Kapitel: "Nomination du lieutenant-colonel Claude Robinet en tant que futur chef d'état-major de l'Armée luxembourgeoise." Communiqué op gouvernement.lu, 06.03.2026.
