De Poufank
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Veräin De Poufank. Fir de Villche selwer, kuckt wgl. Poufank. |
| De Poufank | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Zweck | Fräikierperkultur |
| Grënnungsdatum | 1984 |
| Opléisungsdatum | 2022 |
| Sëtz | Miersch |
| 50, Rue Gr.Duchesse Charlotte | |
| RCS | F1174 |
|
| |
De Poufank war eng lëtzebuergesch ASBL Club fir Naturismus (FKK, Fräikierperkultur), deen 1984 gegrënnt gouf a Member vun der Fédération luxembourgeoise de naturisme ass.
D'Associatioun ass am Joer 2022 opgeléist ginn an d'Liquidateuren hunn informéiert, datt den Terrain de 16. Mee 2022 un d'Gemeng Miersch verkaaft gouf. De Betrag vun der Vente gouf der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf vu Miersch vermaach.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]De Veräin gouf 1982 gegrënnt a seng Haaptziler waren:
„L'asscociation a pour but de faire connaître et de promouvoir la réflexion et la pratique de l'éthique naturiste dans l'épanouissement et le respect de soi-même et des autres,
- la pratique de l'éducation physique et des sports,
- le camping et le caravaning,
- la sauve-garde de la nature et de l'environnement.“
Terrain
[änneren | Quelltext änneren]Den Terrain vum De Poufank ass beim Klaushaff tëscht Schëndels a Keespelt. De Klaushaff gehéiert zur Gemeng Helperknapp, awer den Terrain vum Club gehéiert zur Gemeng Miersch. E Schëld mat der Opschrëft ANP (=Association Naturiste Poufank) féiert iwwert e kuerze Wee vum Klaushaff bis op de Parking. De Parking ass fräi fir all Besuch, awer den Terrain ass duerch eng zougespaarte Paart ofgeséchert. D'Memberen, déi de Joresbäitrag fir den Terrain bezuelt hunn, kréien e Schlëssel, deen ee Joer laang passt. Den Terrain an de Parking sinn zesummen iwwert een Hektar grouss, sinn Eegentum vum Club a ginn a fräiwëlleger Aarbecht vu senge Memberen an der Rei gehalen (Wiss méien, Hecken a Beem schneiden, Hierschtblieder asammelen, ...).
Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]Um Terrain ass e Clubhaus mat enger Kichen, engem beheizbare Wunnraum, engem Vestiaire an enger Toilette. Et kann een och waarm oder kal duschen a vun de Gaardemiwwele profitéieren. Eng Grillplaz a vill Plaz fir Sport a Spill ronnen d'Offer of.
