Op den Inhalt sprangen

Departement Creuse

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Creuse (23)
Verwaltung
Land Frankräich
Regioun Aquitaine-Limousin-Poitou-Charentes
Prefecture Guéret
Prefet Jean-Jacques Lozach
Ënnerprefecture Aubusson
Gegrënnt 4. Mäerz 1790
Ënnerdeelungen
Arrondissementer Arrondissement Aubusson, Arrondissement Guéret
Legislativ Walbezierker 1
Kantonen 15
Intercommunalitéiten 9
Gemengen 255
Demographie
Awunner 115.527
Awunnerdatum 1. Januar 2023
Geographie
Fläch 5.565 km²
Koordinaten 46°35'N, 2°3'O
Websäit https://www.creuse.fr/

Kaart

D'Creuse (23) ass e franséischt Departement, an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm vum Floss Creuse deen derduerch leeft.

D'Creuse ass en Departement am Norweste vum Massif central an d'Prefecture ass zu Guéret. Praktesch dat ganzt Departement besteet aus fiichte Géigenden an Heckelandschaften. Am Süde leien d'Montagne limousine mam Plateau vu Gentioux deen zum Plateau de Millevaches gehéiert, an d'Héichte vu La Courtine, mat Heedlandschaften.

Déi héchst Plaz läit op 936 m am Bësch vu Châteauvert, zu Saint-Oradoux-de-Chirouze. Den Norweste besteet aus den Hiwwele vun der Marche wou haaptsächlech Véizuucht bedriwwe gëtt, an am Osten an der Marche de Combraille gi Kären ugebaut. Ausser der Tapisserie vun Aubusson an e puer Betriber déi Holz verschaffen, gëtt et keng dichteg industriell Aktivitéit am Departement.

Am Südweste vum Departement läit de groussen Arméiscamp Camp de La Courtine.

 Commons: Departement Creuse – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]