Op den Inhalt sprangen

Departement Forêts

Vu Wikipedia
Forêts (98[1])
Verwaltung
Land Frankräich
Prefecture Lëtzebuerg
Prefet Johannes Birnbaum
Gegrënnt 1. Oktober 1795
Opgeléist 30. Mee 1814
Genannt no Ardenner Bësch
Ënnerdeelungen
Arrondissementer Arrondissement Neufchâteau, Arrondissement Lëtzebuerg, Arrondissement Béibreg, Arrondissement Dikrech
Kantonen 28
Demographie
Awunner 246.333
Awunnerdatum 1812
Geographie
Fläch 6.910,35 km²
Koordinaten 49°36'N, 6°8'O

Kaart

Lag vum Departement Forêts op enger historescher Kaart.
Déi 28 Kantonen am Departement Forêts no der Andeelung vun 1802

D'Departement Forêts, och alt Bëscherdepartement (fr.: Département des Forêts), war vu 1795 bis 1814 e franséischt Departement an der éischter franséischer Republik an duerno am éischte franséische Keeserräich.

Mat der Annexioun vu Lëtzebuerg un déi franséisch Republik ass de gréissten Deel vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg an d'Departement Forêts integréiert ginn.

Mam Uschloss vun de fréieren Éisträicheschen Nidderlanden un déi Franséisch Republik gouf d'Gebitt vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg op Basis vum Arrêté vum 14 fructidor an III (31. August 1795)[2] gréisstendeels (ronn zwee Drëttel) an d'Departement Forêts integréiert. Am Weste vum Departement Forêts koum e Stéck vum fréieren Herzogtum Bouillon bäi. Aner Deeler vum fréieren Herzogtum, absënns de Raum Sankt Väit / Reiland an Deeler vun der Äifel koumen an d'Departement Ourthe (Haaptuert: Léck), iwwerdeems den nordwestlechen Deel vum fréieren Herzogtum an d'Departement Sambre-et-Meuse (Haaptuert: Namouer) agegliddert gouf.

Den Dekreet vun der Convention nationale vum 9 vendémiaire an IV (1. Oktober 1795)[3][4] huet d'Annexioun[5] vun de fréieren éisträicheschen Nidderlanden a vum Prënzbistum Léck proklaméiert. Am Artikel VII vum Dekreet war d'Opsplécke vum Gebitt an néng Departementer virgesinn. D'Limitte vun den Departementer an d'Opdeelen a Kantone si vu franséische Kommissäre festgeluecht ginn. Den Dekreet huet och nach virgesinn, datt d'Verwaltungsstrukturen op allen Niveaue séier ageriicht sollte ginn: d'Verwaltunge vun den Departementer, d'Verwaltunge vun de Gemengen an d'Geriichter. All d'Beamte sollte konform zur Constitutioun vum Joer III gewielt ginn.

1798 koum et zum Volleksopstand souwuel an de „germaneschen“ wéi och an de „romaneschen“ Deeler vum Departement, deen ënner den Numm „Klëppelkrich“ (Guerre des gourdins) an der kollektiver Erënnerung bleift.[6]

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Klëppelkrich.

Den Numm Forêts

[änneren | Quelltext änneren]

Een Ament huet et sou ausgesinn, wéi wann dat Departement Département des Ardennes orientales sollt heeschen. Awer, wéinst de ville Bëscher, déi de gréissten Deel vu sengem Territoire bedeckt hunn, huet sech dach den Numm Forêts duerchgesat.

D'Departement Forêts huet haaptsächlech aus dem gréissten Deel vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg an engem Deel vum Herzogtum Bouillon bestanen, wat engem groussen Deel vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg, dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem Weste vu Rheinland-Pfalz entsprécht.

D'Departement hat eng Fläch vu 6.910,35 km² an et hu sengerzäit 246.333 Leit do gewunnt[7].

Nopeschdepartementer

[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement bestoung op Basis vum Gesetz vum 28 pluviôse an VIII (17. Februar 1800)[8] aus 26 Kantonen, déi op 4 Arrondissements communaux (Verwaltungsbezierker) verdeelt waren. Neufchâteau, Lëtzebuerg, Béibreg an Dikrech. D'Kantone waren och d'Bezierker vun de Friddensgeriichter.

Lëscht vun den Arrondissementer a Kantonen op de 17. Februar 1800[9]
Arrondissement Kantonen Zuel
1. Neufchâteau Paliseul, Neufchâteau, Florenville, Virton, Étalle, Baaschtnech, Haufelescht, Fäteler 8
2. Lëtzebuerg Arel, Nidderkäerjeng, Hesper, Réimech, Lëtzebuerg, Réid, Miersch, Gréiwemaacher 8
3. Béibreg Iechternach, Dudeldorf, Béibreg, Neierbuerg, Arzfeld 5
4. Dikrech Dikrech, Osper, Clierf, Wolz, Veianen 5
Total 26

D'Kantonsandeelung gouf duerch den Arrêté du 15 ventôse an X (6. Mäerz 1802) geännert an d'Zuel vun de Kantonen op 28 erhéicht. Se ware weiderhin op déi véier Arrondissementer verdeelt.[10]

Arrondissementer, Kantonen a Gemengen op de 6. Mäerz 1802
Arrondissement Kantonen Zuel Gemengen[11][12]
Neufchâteau BaaschtnechB 9 Baaschtnech, Bertogné, Bœur, Compogné, GivrouI, Givry, Harzy, Lonchamps, Longwely, Mabomprez, Mandé-Saint-Etienne, Noville, Rachamps, Vardin, Vellereux.
ÉtalleB Anlier, Bellefontaine, Chatillon, ÉtaIIe, Nei Habech, Al Habech, Hachy, Sainte-Marie, Rossignol, Rulle, Tintigny, Vance, Villers-sur-Semois.
FätelerB Bungeref, Bauschelt, Ebly, Fäteler, Hollange, Lescheret, Maartel, Remoiville, Strainchamps, Sir, Tënnen, Witry, Warnach, Wolwen.
FlorenvilleB Les Bulles, Sainte-Cécile, Chassepierre, Chiny, La Cuisine, Florenville, Fontenoille, Izel, Jamoigne, Martué, Moyen, Muno, Suxy, Termes, Villers-devant-Orval.
HaufeleschtB Bihain, Cherain, Cowan, Gäilech, Haufelescht, Lamerscher, Mont, Montleban, Ollomont, Ottré, Rettigny, Sommerain, Les Tailles, Taverneux, Tavigny, Wibrin.
NeufchâteauB Assenois, Les Fossés, Hamipré, Léglise, Longlier, Sainte-Marie, Saint-Médard, Melier, Montplainchamp, Neufchâteau, Orgeo, Saint-Pierre, Recogne, Straimont, Tournay, Tronquoy, Warmifontaine.
PaliseulB Bertrix, Cugnon, Fays-les-Veneurs, Framont, Herbeumont, Jéhonville, Mortchan, Offagne, Opont, Paliseul.
Sibret Amberloup, Assenois, Bercheux, FIamierge, Harel, Homprés, Houmont, Mandé-Sainte-Marie, Morhet, Nive, Petite-Rosière, Rechrival, Remichampagne, Roumont, Seinlez, Sibret, Eeschpelt, Tillet, Villers-la-Bonne-Eau.
VirtonB Bleid, Dampicourt, Ethe, Gerouville, Harnoncourt, Latour, Saint-Léger, Saint-Mard, Meix-devant-Virton, Montquintin, Musson, Mussy, Robelmont, Ruette-la-Grande, Signeulx, Sommethone, Torgny, Villers-la-Loue, Virton.
Lëtzebuerg ArelB 9 Arel, Attert, Nidderälter, Giisch, Häischel, Habscht, Käerch, Gehaanselchert, Pass / Schuedeck[13], Simmer, Stengefort, Thiaumont, Tornich.
Nidderkäerjeng (Miezeg)B Éibeng, Nidderkäerjeng, Kënzeg, Déifferdeng, Garnech, Habergy, Hueldang, Hondelange, Meix-Letige, Miezeg, Péiteng, Réissech, Séilen.
Beetebuerg Beetebuerg, Dippech, Diddeleng, Esch-Uelzeg, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Reckeng, Réiser, Suessem, Weiler-zum-Tuer.
Betzder Betzder, Fluessweiler, Jonglënster, Lenneng, Nidderaanwen, Roudemer, Schëtter, Kreuzweiler, Wuermer.
Gréiwemaacher Berbuerg, Biwer, Fellerich, Gréiwemaacher, Igel, Laser, Lirschberg, Littorff, Meechtem, Manternach, Mäertert, Méischdref, Nëttel, Temmels, Wasserliesch, Wiltingen, Wëncher.
Lëtzebuerg-Nord Bartreng, Koplescht, Lëtzebuerg, Mamer, Märel, Steesel, Stroossen.
Lëtzebuerg-Süd AIzeng, Conter, Eech, Hesper, Hollerech, Kielen, Lëtzebuerg, Sandweiler.
Miersch Bierg, Biissen, Béiwen, Kruuchten, Fiels, Fëschbech, Gräisch, Hiefenech, Hënsdref, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer, Pëtten, Tënten.
Réimech Besch, Borg, Bous, Biermerenge, Duelem, Manderen, Munneref, Nerming, Rëmerschen, Réimech, Stadbriedemes, Waldbriedemes, Welleschten.
Béibreg ArzfeldD 5 Arzfeld, Daleyden, Eschfeld, Habscheid, Harspelt, Leidenborn, Lichtenborn, Lunebach, Olmscheid, Pronsfeld, Ringhouscheid, Waxweiler.
BéibregD Alsdorff, Bettingen, Bickendorf, Biesdorf, Béibreg, Dockendorf, Fliessen, Malberg, Meckel, Messerich, Peffingen, Rittersdorf.
DudeldorfD Auw, Bettenfeld, Densborn, Dohm, Dudeldorf, Eisenschmit, Gindorf, Gransdorf, Heydweiler, Laufeld, Metterich, Oberkail, Ordorf, Schleidweiler, Seinsfeld, Speicher.
IechternachD Beefort, Bech, Bäerdref, Bollenduerf, Buer, Präiteler, Konsdref, Iechternach, Edingen, Iernzen, Irrel, Mompech, Uesweller, Rolleng, Rouspert, Waldbëilleg, Wintersdorf.
NeierbuergD Ammeldingen an der Our, Baustert, Karlshausen, Koxhausen, Lahr, Mettendorf, Neierbuerg, Oberweis, Utscheidt, Stocken, Weydingen, Wismansdorf.
Dikrech Clierf 5 Aasselbuer, Kierchen, Béiwen, Clierf, Doosber, Helzen, Hengescht, Munzen, Wäicherdang, Wäiswampech.
Dikrech Bettenduerf, Buerschent, Branebuerg, Dikrech, Eppelduerf, Ettelbréck, Miedernach, Uewerfeelen, Reisduerf, Steeën.
Osper Ueschdref, Biekerech, Biebereg, Bëschdref, Kaalmes, Kolpech, Dellen, Ell, Ielwen, Iewerleng, Folscht, Groussbus, Holz, Osper, Rammerech, Réiden-Atert, Randschelt, Sëll, Useldeng, Viichten, Wal.
Veianen Konstem, Kruuchten, Falkenstein, Furen, Geichlingen, Houschent, Housen, Körperich, Laaschent, Nusbaum, Rued, Schankweiler, Stolzebuerg, Veianen, Wallenduerf.
Wolz Alschent, Bruechtebaach, Donkels, Esch-Sauer, Eschweiler, Géisdref, Heischent, Kauneref, Meecher, Néngsen, Uewerwampech, Wolz, Wëlwerwolz, Wanseler.
Total 28

B haut Belsch
D haut Däitschland

Lëscht vun de Prefekten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kayser, Edouard Marc, 1994. Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle. récré 10: 169-188. Dikrech (APESS).
  • Kreins, Jean-Marie, 1996. Histoire du Luxembourg. 2è. edition, 128 p. Collection Que sais-je?. Paris: Presses Universitaires de France. ISBN 2-13-047586-8.
  • Lasius, Albrecht Friedrich Ludolf, 1813. Der französische Kayser-Staat unter der Regierung des Kaysers Napoleon des Großen im Jahre 1812. Ein historisches-Handbuch, Erste Abteilung, Osnabrück bey Johann Gottfried Kißling. (S. 234)
  • Lefort Alfred, 1905. Histoire du Département des Forêts. (Le Duché de Luxembourg de 1795 à 1814). Deel I, Lëtzebuerg, Imprimerie P. Worré-Mertens.
  • Trausch, Gilbert, 1967. À propos du « Klepelkrich » : la répression des soulèvements paysans de 1798 dans le Département des Forêts (Aspects et problèmes). Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg Vol. 82: 7-245.
 Commons: Departement Forêts – Biller, Videoen an Audiodateien
Déi 45 Departementer, déi ënner dem Premier Empire (1804-1814) u Frankräich ugeschloss waren

Departementer an der Belsch, an Holland an zu Lëtzebuerg: Bouches-de-l'Escaut | Bouches-de-l'Yssel | Bouches-de-la-Meuse | Bouches-de-Rhin | Deux-Nèthes | Dyle | Ems-Occidental | Escaut | Forêts | Frise | Jemmape | Lys | Meuse-Inférieure | Ourthe | Sambre-et-Meuse | Yssel-Supérieur | Zuyderzée |
Departementer an Däitschland: Bouches-de-l'Elbe | Bouches du Weser | Ems-Oriental | Ems-Supérieur | Lippe | Mont-Tonnerre | Rhin-et-Moselle | Roer | Sarre |
Departementer an Italien: Alpes-Maritimes | Appenins | Arno | Doire | Gênes | Marengo | Méditerrannée | Mont-Blanc | Montenotte | Ombrone | Pô | Rome | Sésia | Stura | Taro | Trasimène
Departementer an der Schwäiz: Léman | Simplon | Mont-Terrible |

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Le Livre de poste ou Départ de Paris des courriers de la poste aux lettres S. 89. Gallica (1811) Archivéiert de 14.04.2023. Gekuckt den 09.10.2026.
  2. ↑ (fr) ARRÉTÉ du Comité de Salut Public de la Convention Nationale, portant une nouvelle division du Territoire de la Belgique, pays de Liège et autres pays adjacens du 14 Fructidor. – Recueil des arrêtés des commissaires du gouvernement Français, S. 38 – 45
  3. ↑ (fr) France, Loi n° 1137 du 9 vendémiaire an IV (1er octobre 1795) sur la réunion de la Belgique et du Pays de Liège à la République française. Gallica. Bulletin des lois de la République française (01.10.1795). Gekuckt den 02.10.2026.
  4. ↑ De 9 vendémiaire an IV aus dem « calendrier républicain français » entsprécht dem 1. Oktober 1795
  5. ↑ Dës Annexioun gouf eréischt 1797 duerch den Traité vu Campo-Formio international unerkannt. Den Traité vu Lunéville huet 1801 nach emol dës territorial Uspréch vu Frankräich bestätegt.
  6. ↑ Cf. Trausch 1967 an der Literatur.
  7. ↑ (fr) Almanach impérial... présenté à sa Majesté l'Empereur (1811) S. 399 – 400. Paris : Testu (1811). Gekuckt de 06.10.2026.
  8. ↑ (fr) France, Loi du 28 pluviôse an VIII concernant la division du territoire de la République et de l’administration. Bulletin des lois de la République française. gallica.bnf.fr (17.02.1800). Gekuckt den 02.10.2026.
  9. ↑ Opzielung sou wéi am Arrêté festgehalen
  10. ↑ (fr) France, Arrêté du 15 ventôse an X (6 mars 1802) portant réduction des justices de paix du département des Forêts. Bulletin des lois de la République française. gallica.bnf.fr (06.03.1802). Gekuckt den 02.10.2026.
  11. ↑ Arrêté du 15 ventôse an X (6 mars 1802 ; justices de paix du département des Forêts). carnetsdenotes.fr. Gekuckt de 06.10.2026.
  12. ↑ Fir eng besser Identifikatioun sinn d'Nimm vun de Gemengen an Uertschaften an hirer haiteger Schreifweis uginn an net an der Schreifweis vun der Originalquell vun 1802.
  13. ↑ am Originaltext steet „Poshschadec“, wat eventuell eng Kontraktioun vu Post (Pass) a Schadeck (Schuedeck) ka sinn