Kanton Miersch
|
| |
| An anere Sproochen |
fr: Canton de Mersch de: Kanton Mersch |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Chef-lieu | Miersch |
| Gemengen | Colmer-Bierg, Fiels, Biissen, Helperknapp, Fëschbech, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer |
| Fläch | 22.438,1691 ha |
| Awunner | 37.191 |
| Awunnerdatum | 1. Januar 2026 |
| Héicht (Moyenne) | 301 m |
| LAU-Code | 04 |
| Gegrënnt | 31. August 1795 |
|
| |
De Kanton Miersch ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Miersch läit am Zentrum vum Land.
Nopeschkantonen
[änneren | Quelltext änneren]Gemengen am Kanton
[änneren | Quelltext änneren]Déi 10 Gemengen am Kanton sinn:
| LAU-Code | Gemeng | Awunner | Awunner-Datum | Fläch | Fläch-Datum |
|---|---|---|---|---|---|
| LU0401 | 2.471 | 01.01.2026 | 1.233,9508 ha | 09.07.2024 | |
| LU0402 | 3.564 | 01.01.2026 | 2.083,2231 ha | 09.07.2024 | |
| LU0403 | 5.326 | 01.01.2026 | 3.771,6928 ha | 09.07.2024 | |
| LU0404 | 1.344 | 01.01.2026 | 1.951,7287 ha | 09.07.2024 | |
| LU0405 | 1.597 | 01.01.2026 | 1.327,6234 ha | 09.07.2024 | |
| LU0406 | 2.241 | 01.01.2026 | 1.542,6538 ha | 09.07.2024 | |
| LU0407 | 3.484 | 01.01.2026 | 1.542,0466 ha | 09.07.2024 | |
| LU0408 | 4.760 | 01.01.2026 | 1.765,5708 ha | 09.07.2024 | |
| LU0409 | 10.888 | 01.01.2026 | 4.950,8789 ha | 09.07.2024 | |
| LU0410 | 1.516 | 01.01.2026 | 2.268,8002 ha | 09.07.2024 |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
De Kanton Miersch geet op déi éischt Kantonsandeelung vum Departement Forêts vum 31. August 1795 zeréck. E war deemools de 16. vun de 37 Kantonen.[1]
Am Originaltext si follgend Uertschaften opgezielt (Verbatim):
„16. Mersch, qui comprend Mersch, Meestroff, Reuland, Fischbach, Schoos, Angelsberg, Rollingen, Rekingen, Beringen, Pittingen, Biessen, Bergh, Schrondweiler, Nommeren, Feltz, Cruchten, Ober Glattbach, Erentzen, Heffingen, Meisenbourg et leurs dépendances.“
Bei der Reorganisatioun vun de Kantonen am Departement Forêts vum 22. Oktober 1796 gouf d'Zuel vun de Kantone vu 37 op 26 reduzéiert[2]. De Kanton Miersch ass als 15. Kanton bestoe bliwwen.
Am Arrêté vum 22. Oktober 1796 sinn déi follgend Uertschaften, Häff a Millen opgezielt (Verbatim)[3]:
„15e Canton. Mersch, qui comprend Angelsberg, Ansembourg, Biessen, Berg, Beringen, Beschbach, Brouch, Bour, Besteinhoff (cense), Bovange sur l'Attert, Blaschette, Boferdingen, Bereldingen, Bruchdorff, Colmar, Cruchten sur l'Alzette, Colmeschmühl moulin, Dondelingen, Essingen, Erentzen, Eichelborn hoff (cense), Finelter [?], Feltz ou la Rochette, Finsterthal, Fischbach, Geismühl Moulin, Geÿ [?], Gladbach, Nider et Ober, Gosseldingen, Greisch, Heffingen, Hollenfeltz, Heisdorff, Helmdingen, Hunsdorff, Helpert, Helmsingen, Keispelt, Klingelscheuer (cense), Koedingen, Kehlen, Kobsthal, Leidenbach hoff (cense), Lellinger hoff (cense), Lintgen, Lorentzweiler, Moersdorff, Michelbach, Meisenbourg, Marienthal couvent supprimé et cense, Meispelt, Muhlendorff, Nommeren, Nospelt, Onsfeldscheuer [?], Olm, Pittingen [?], Prettingen, [illisible], Reuland, Rollingen, Rashoff (cense), Rodt, Schrontweiler, Schleidenhoff (cense), Schefenhoff (cense), Schoos, Schoenfeltz, Sœlenhof (cense), Steinsel, Tintingen, Udingen, Veiderterhoff (cense), [illisible] (cense) [?], Walferdingen, Welsdorff et Weÿer.“
Nom Gesetz vum 28 pluviôse an VIII (17. Februar 1800) huet de Kanton zum zweeten Arrondissement communal vum Departement Forêts gehéiert, deem säin Haaptuert Lëtzebuerg war.[2.1]
Mam Arrêté vum 15 ventôse an X (6. Mäerz 1802) gouf de Kanton nei ofgegrenzt; e war dunn ee vun den néng Kantone vum Arrondissement Lëtzebuerg.[4]
D'territorial Neiuerdnung vun 1814 an 1815 hat, am Géigesaz zu de Kantonen op der Musel an der Sauer, keng direkt Auswierkungen op de Kanton Miersch, well säi Gebitt ganz bannent de Grenze vum Groussherzogtum Lëtzebuerg louch.
1831 hat de Kanton Miersch 11.819 Awunner an eelef Gemengen.[2.2]
Bei der neier Geriichtsandeelung vum 12. Oktober 1841 war Miersch ee vun de sechs Kantone vum Geriichtsbezierk Lëtzebuerg. De Kanton bestoung aus den eelef Gemenge Bierg, Biissen, Béiwen un der Atert, Fëschbech, Hiefenech, Fiels, Luerenzweiler, Miersch, Noumer, Tënten a Lëntgen.[5][6]
Mam Gesetz vum 24. Februar 1843 gouf de Kanton dem Distrikt Lëtzebuerg zougedeelt.[7]
Vum 30. Mee 1857 bis de 4. Mee 1867 huet de Kanton Miersch zesumme mam Kanton Réiden den eegestännegen Distrikt Miersch gebilt.[8][9] No der Opléisung vun dësem Distrikt koum de Kanton Miersch nees bei den Distrikt Lëtzebuerg, zu deem e bis zum Ofschafe vun den Distrikter den 3. Oktober 2015 gehéiert huet.
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanton Miersch – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) ARRÉTÉ du Comité de Salut Public de la Convention Nationale, portant une nouvelle division du Territoire de la Belgique, pays de Liège et autres pays adjacens du 14 Fructidor an III, mat den Detailer vun de Kantonen am Departement Forêts. Recueil des arrêtés des commissaires du gouvernement Français S. 38 – 45. books.google.fr (31. August 1795). Gekuckt de 05.10.2026.
- ↑ (fr) Tandel, Émile, Les communes luxembourgeoises : partie générale. Tome 1.. Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg S. 133 (128). ark.unamur.be. Gekuckt den 03.10.2026.
- ↑ (fr) Louis-Ghislain de Bouteville du Metz, Arrêté du 1er brumaire an V portant division du département des Forêts en 26 cantons. fr.wikisource.org (22.10.1796). Gekuckt den 08.11.2026.
- ↑ (fr) France, Arrêté du 15 ventôse an X (6 mars 1802) portant réduction des justices de paix du département des Forêts. Bulletin des lois de la République française. gallica.bnf.fr (06.03.1802). Gekuckt den 02.10.2026.
- ↑ (fr) ORDONNANCE ROYALE GRAND-DUCALE du 12 octobre 1841, n° 19, concernant la fixation de la circonscription des justices de paix et le ressort des tribunaux d'arrondissement. data.legilux.public.lu (12.10.1841). Gekuckt de 05.10.2026.
- ↑ D'Gemeng Lëntgen war an der publizéierter Tabell iertemlecherweis net opgefouert ginn a gouf duerch eng Rektifikatioun vum 18. November 1841 nogedroen: (fr) RECTIFICATIF de l'Ordonnance royale grand-ducale du 12 octobre 1841 concernant la fixation de la circonscription des justices de paix et le ressort des tribunaux d'arrondissement. data.legilux.public.lu (18.11.1841). Gekuckt de 05.10.2026.
- ↑ (fr) Loi du 24 février 1843 sur l’organisation communale et des districts Art. 110. legilux.public.lu (24.02.18743). Gekuckt den 01.10.2026.
- ↑ (fr) Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. data.legilux.public.lu (03.06.1857). Gekuckt de 07.10.2026.
- ↑ (fr) Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. data.legilux.public.lu (15.06.1867). Gekuckt de 07.10.2026.
