Op den Inhalt sprangen

Dolly Parton

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dolly Parton
Gebuertsnumm Dolly Rebecca Parton
Gebuer 19. Januar 1946
Pittman Center
Gestuerwen 25. August 2026
Alter 80 Joer
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Countrysängerin, Singer-Songwriterin, Schauspillerin
Member vun Porter Wagoner & Dolly Parton
Auszeechnungen National Medal of Arts, Grammy Lifetime Achievement Award, American Music Award for Favorite Country Album, Grammy Award for Best Female Country Vocal Performance, Grammy Award for Best Country Song, Grammy Award for Best Female Country Vocal Performance, Favorite Country Single, Grammy Award for Best Country Performance by a Duo or Group with Vocal, Grammy Award for Best Country Collaboration with Vocals, Grammy Award for Best Bluegrass Album, Grammy Award for Best Female Country Vocal Performance, Las Vegas Film Critics Society Award for Best Song, Kennedy-Präis, Grammy Hall of Fame Award, Grammy Lifetime Achievement Award, Grammy Hall of Fame Award, Library of Congress Living Legend, Johnny Mercer Award, Golden Raspberry Award for Worst Original Song, Stär um Hollywood Walk of Fame, Time 100, Willie Nelson Lifetime Achievement Award, American Library Association Honorary Membership, Country Music Association Award for International Achievement, Country Music Association Award for Female Vocalist of the Year, Country Music Association Award for Female Vocalist of the Year, Rock and Roll Hall of Fame
Famill
Bestuet mat Carl Thomas Dean (30.5.1966–3.3.2025)
Papp Robert Lee Parton
Mamm Avie Lee Parton
Geschwëster Stella Parton, Randy Parton, Rachel Dennison, Freida Parton, Willadeene Parton, Floyd Parton, David Wilburn Parton, Kassi nan Parton, Larry Gerald Parton, Coy Denver Parton, Robert Lee Parton Jr.
Websäit https://www.dollyparton.com/

D'Dolly Rebecca Parton, gebuer den 19. Januar 1946 zu Pittman Center am Servier county am Tennessee, a gestuerwen de 25. August 2026 zu Nashville, war eng US-amerikanesch Countrysängerin a Filmschauspillerin.

Si war zënter den 1970er Joren eng vun den erfollegräichste Sängerinnen a Songwriterinnen an der Country- a Popmusek. Si huet iwwer 100 Milliounen Albume verkaaft, zéng Grammy Awards kritt, a gouf an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Si huet iwwer 3.000 Lidder komponéiert, dorënner I Will Always Love You (dat international duerch d'Whitney Houston bekannt gouf), Jolene, Coat of Many Colors an 9 to 5. Als Schauspillerin huet si a Filmer wéi 9 to 5 (1980) an The Best Little Whorehouse in Texas (1982), matgespillt.

D'Dolly Parton ass och bekannt fir hiert soziaalt Engagement, fir Kanner z'ënnerstëtzen, fir datt se Zougang zum Liese solle kréien, oder an der Schoul net duerchfalen. Ausserdeem huet si d'Fuerschung ënnerstëtzt (z.B. bei der Sich no engem Impfstoff géint de Covid-19-Virus).

 Commons: Dolly Parton – Biller, Videoen an Audiodateien