Op den Inhalt sprangen

Gefier

Vu Wikipedia
En Tram (hei de Stater Tram) ass e Beispill vun engem Gefier.

E Gefier ass e Verkéiers- oder Transportmëttel, dat der Beweegung vu Persounen, Déieren a Gidder déngt.

Et ënnerscheet een tëscht de Gefierer, déi iwwer de Buedem (zum Beispill Auto, Motorrad, Zuch, Dreckswon oder Kutsch) oder iwwer d'Waasser (Schëff, Kanu, asw.), oder duerch d'Loft (Fliger, Helikopter, Ballon, asw.) fueren oder fléien.

E Gefier ka mat mënschlecher Kraaft, vun engem Zuchdéier, Mechanik, Wandkraaft oder Stréimung ugedriwwe ginn.