Geul (Floss)
|
D'Geul bei Strabeek (Gemeng Valkenburg) | |
| Längt | 56 km |
|---|---|
| Hydrographesche Baseng | Meuse-Baseng |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 121 km² |
| Leeft an | Meuse |
| Haaptnieweflëss | Senserbach, Gulp, Lontzenerbach |
|
| |


D'Geul ass e Floss an der Belsch an an Holland. S'entsteet aus dem Zesummefloss vun e puer klenge Baache bei der Eynatter Mühle tëscht Eynatten an Hauset an der Belsch, op enger Héicht vun 250 Meter. Se leeft vun do un no Weste laanscht Hergenrath a Kelmis bis op Krickelstein, wou vu lénks den Hohnbach draleeft. Dann dréint se no Nordweste fir da fir d'éischt ënner dem Viaduc vu Moresnet erduerch ze lafen, an duerno duerch Moresnet selwer.
Tëscht Moresnet a Plombières leeft vu riets eng kleng Baach d'Soue dran, zu Plombières selwer vu lénks den Tunisbach, an direkt hannendru vu riets de Welschbach.
Nordwestlech vu Sippenaeken leeft se bei der Grenzmaark N° 10 an Holland eran.
Duerno leeft se weider laanscht Wittem, duerch Valkenburg aan de Geul, a Meerssen, fir nodeem s'an engem Siphon ënner dem Julianakanal erduecht ass, eng ronn 1.500 Meter nërdlech vun Itteren an d'Meuse ze lafen.
Déi verschidden Nimm
[änneren | Quelltext änneren]- (de): Die Göhl
- (fr): La Gueulle an och la Gueule
- (nl): De Geul an de Geut
| Nieweflëss vun der Meuse | |
|---|---|
| Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq | |
| Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne | |
| Kuckt och : Baseng vun der Meuse | |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Geul (Floss) – Biller, Videoen an Audiodateien |
