Giustina Rocca
| Giustina Rocca | |
|---|---|
| Gebuer |
15. Joerhonnert jul. Trani |
| Gestuerwen |
1502 Trani |
| Nationalitéit | Kinnekräich Neapel |
| Aktivitéit | Affekotin |
|
| |
D'Giustina Rocca, gebuer 1440 zu Trani, an och do 1502 gestuerwen[1], war eng italieenesch juristesch Expertin, déi an der Renaissance als Affekotin, Riichterin an Diplomatin geschafft huet, obwuel deemools Fraen esou een Titel formell net hunn dierfen droen. Si gëllt als déi éischt Fra op der Welt, déi Affekotin war, a si war d'Inspiratioun fir d'Figur vun der Portia am Shakespeare sengem Stéck The Merchant of Venice. Den héchste vun den dräi Tierm vum Europäesche Geriichtshaff an der Stad Lëtzebuerg, de Rocca-Tuerm, gouf 2022 no hir genannt.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Giustina Rocca koum aus enger etabléierter Adelsfamill vun Trani. Si war d'Duechter vum Oreste (oder Orazio) Rocca, engem Orator am Senat vum Kinnekräich Neapel. Si huet sech mam Capitano Regio della città Giovanni Antonio Palagano, Bouf vum Alberico aus der bekannter Famill vu Seggio di Portanova, bestuet. D'Koppel krut véier Kanner: dräi Bouwen, déi 1501 nach gelieft hunn – den Alberico, de Vincenzo an den Giulio Abate –, an eng Duechter, d'Cornelia, déi 1492 fréi gestuerwen ass.[2] Trani gouf deemools vun der Republik Venedeg administréiert. De Ferdinand II., den aragoneesesche Kinnek vun Neapel, hat d'Stad 1495 als Pand u Venedeg iwwerdroen, fir e Kredit vu 15.000 Dukaten ze kréien, mat deem en e Krich géint déi franséisch Invasioun geféiert huet[3].
Well Fraen op Universitéiten net zougelooss waren, huet d'Giustina Rocca am Privatstudium d'Réimescht Recht an d'Geschicht vun Italie studéiert, . Mat deem Wëssen huet si, bestëmmte Rapporten no, sech mat kriddelegen diplomateschen Affären tëscht de Stied Trani a Venedeg befaasst[1].
Hiren Numm goung an d'Geschicht vun der Justiz an, wéinst hirem Arbitrage an engem Ierfschaftssträit, dee si den 8. Abrëll 1500 an der Sprooch vum Vollek – an net, wéi deemools gewinnt, op Latäin – virum venezianesche Gouverneur vun Trani, Ludovico Contarini, verkënnegt huet, fir datt d'Nolauschterer si sollte verstoe kënnen. Bal d'ganz Stad ass an d'Stadhaus lauschtere komm, fir eng Fra ze gesinn, déi op der Riichterbänk sëtzt an en Urteel verkënnegt. Si krut als Honoraire fir hir Aarbecht Trigesima (en Drëssegstel vun der Zomm, ëm déi gestridde gouf). Zanterdeem ass si déi éischt Fra an der Geschicht, déi d'Fonctioun vun enger Affekotin hat[4].
Rezeptioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Figur vun der Giustina Rocca gouf an der éischter Editioun vun De Iure Patronatus vum Jurist a spéidere Bëschof vun Izola Cesare Lambertini (dee mat hir Famill war), déi 1533 zu Venedeg gedréckt gouf, gewierdegt, wat dann duerch nogedréckt Editiounen zu Frankfurt an zu Lyon, a ganz Europa bekannt gouf.[1] De Jurist Francesco Mastroberti vun der Universitéit Bari huet iwwer dem Lambertini säi Rapport gesot, datt kaum Zweiwel bestoe kéinten, ob dat glafwierdeg wier. Et wier gutt méiglech, datt hie selwer Zeie vun deem Evenement gewiescht kéint sinn. Trani wier eng räich Handelsstad gewiescht, héich entwéckelt a wéinst hire Bezéiunge mat Venedeg, am ganze Mëttelmierraum an d'Kultur vun der Renaissance agebonnenen, déi ë. a. d'Roll vun der Fra nei bewäert hätt an hiert Kënnen och an Domäne wierdege géif, déi traditionell an dem Gesetz no fir Männer reservéiert waren.[5] D'Giustina Rocca wier dofir net nëmme wéinst hirem Afloss an der Stad an hiren adelegen Originnen als Schidsriichterin gewielt ginn, ma och wéinst hire juristesche Kenntnesser a well s'eng aussergewéinlech Fra mat enger grousser Autoritéit gewiescht wier, obwuel se weeder eng Herrscherin nach eng Äbtissin war[6].
D'Perséinlechkeet vun der Giustina Rocca soll de William Shakespeare fir seng Figur Portia von Belmont am The Merchannt of Venice inspiréiert hunn[1].
D'Giustina Rocca gouf an der Kathedral vun Trani nieft dem Graf vun hirer jonk verstuerwener Duechter Cornelia bäigesat[7].
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Den héchsten Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff (a gläichzäiteg dat héchst Gebai zu Lëtzebuerg) gouf 2022 no hir Rocca-Tuerm genannt. Och Stroossen zu Trani an zu Bari kruten hiren Numm, zu Trani och nach eng Schoul[8].
Zanter 2024 gëtt zu Trani och de Premio Europeo Giustina Rocca un engagéiert Juristinnen aus der Europäescher Unioun verginn, "déi sech duerch hir Contributioun fir d'Weiderentwécklung vum Droit aus enger Geschlechterperspektiv distinguéiert hunn"[9].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Francesco Mastroberti: "Sul Caso della Tranese Giustina Rocca e sulla Donna Arbiter nella Dottrin Giuridicy tra Mediev ed Eta’ Modern." In: La donna nel diritto nella politica e nelle istituzioni. Quaderni del Dipartimento Jonico, ed.: Riccardo Pagano/Francesco Mastroberti, 2015, Nr.115, S.105–119. ISBN=978-88-909569-8-0.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Centro Studi Giustina Rocca – Prima donna avvocato della storia. giustinarocca.com.
Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun Giustina Rocca op der däitschsproocheger Wikipedia.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 Bianca Consiglio: Enciclopedia delle donne – Giustina Rocca. enciclopediadelledonne.it (nogekuckt: 05.05.2026).
- ↑ Michael Curtotti: Giustina Rocca of Trani: The World's First Woman Lawyer? beyondforeignness.org, 20.05.2023.
- ↑ "La Storia del Tribunale di Trani: Storia Antica – Ordine degli Avvocati di TraniOrdine degli Avvocati." ordineavvocatitrani.it 24.11.2020.
- ↑ Rocca Tower. curia.europa.eu.
- ↑ Mastroberti, Sul Caso, S. 110.
- ↑ Mastroberti, Sul Caso, S. 117.
- ↑ Mastroberti, Sul Caso, S. 109.
- ↑ Ilatir Li Vigni : Penaliste nel Terzo millennio.Franco Angeli, 2016. ISBN 978-8891743978.
- ↑ |titel=II Edizione 2024/2025 Premio Europeo Giustina Rocca.giustinarocca.com, 30.04.2025.
