Op den Inhalt sprangen

Griffith Observatoire

Vu Wikipedia
Griffith Observatoire
Typ astronomeschen Observatoire, Organisatioun
Architekt(en) John C. Austin
Datum vum Bau 14. Mee 1935
Opgaangen 14. Mee 1935
Websäit http://www.griffithobservatory.org
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Regioun/Gemeng Los Angeles
Koordinaten 34°7'6,82"N, 118°18'1,33"W
Héicht 346 m

De Griffith Observatoire (en:Griffith Observatory) ass e Gebai zu Los Angeles a Kalifornien.

Den Observatoire steet op der Südsäit vum Mount Hollywood am Griffith Park op enger Héicht vun 300 Meter. En ass als Plaz fir d'Touristen an d'Awunner vun der Stad souwéi fir seng wëssenschaftlech Expositiounen, de Planetarium an de Panorama bekannt. Vun do ass e Bléck op déi ganz Regioun tëscht dem Zentrum vu Los Angeles bis zu der Bucht vu Santa Monica an dem Pazifik méiglech.

De wäisse Kuppelbau gouf de 14. Mee 1935 no de Pläng vum John C. Austin a Russell W. Porter an enger Mëschung aus Art Déco an egypteschem Stil fäerdeggestallt. No enger véierjäreger Renovéierung war den 2. November 2006 seng Reouverture. 70 Millioune Leit hunn den Observatoire zanter senger Ouverture besicht[Wéini?].

Dräi Haaptdeeler sinn aquartéiert: d'Hall of Science, de Planetarium an de Laserium. Zu de villen Ausstellungsstécker déi e ka gesinn, gehéieren ënner anerem Gestengs vum Mars, vum Äerdmound a vu Meteoritten, e Modell vum Hubble-Weltraumteleskop, e Seismograph an en 100 Kilogramm schwéiere Foucault-Pendel.

Am Gebai sinn en ettlech Filmer gedréint ginn, dorënner Rebel Without a Cause (1955), Terminator (1984), Rocketeer (1991), The End of Violence (1997), Bowfinger (1999), Queen of the Damned (2001), Charlie's Angels: Full Throttle (2003), Transformers (2007) a Yes Man (2008). Ausserdeem gesäit een d'Gebäi an diverse Videospiller, ënner anerem am GTA San Andreas, Mafia II a GTA 5.

Weider déngt d'Gebai och a Serien als Dréiplaz, z. B. Riptide (Strapazierte Gastfreundschaft, 1984) an Star Trek: Voyager (Vor dem Ende der Zukunft, 1996).

Portal Astronomie

 Commons: Griffith Observatoire – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]