Op den Inhalt sprangen

HD 209458

Vu Wikipedia
Stär HD 209458
V376 Pegasi / BD +18° 4917
D'Stärebild Pegasus mat der Positioun vum Stär
Stärebild:Pegasus
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun22h 03m 10,772s
Deklinatioun+ 18° 53' 03,55"[1]
visuell Magnitude7,65 mag[1]
Spektralklass:G0 V
verännerleche StärtypV376 Pegasi
Astrometrie
Radialvitess:(−14,8 ± 0,2) km/s[2]
Parallax(20,15 ± 0,80) mas
Distanz(162 ± 6) Lj
Absolut Hellegkeet+4,2 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass:(1,1 ± 0,1) M☉
Radius:(1,12 ± 0,02) R☉[3]
Liichtkraaft:? L☉
Uewerflächentemperatur? K
Aner Bezeechnungen
Bonner DuerchmusterungBD +18° 4917
Henry-Draper-KatalogHD 209458
Hipparcos-KatalogHIP 108859
SAO-KatalogSAO 107623
Tycho-KatalogTYC 1688/1821/1
Weider KatalogenV376 Pegasi

Den HD 209458, bekannt och ënner senger Verännerleche Stär-Bezeechnung V376 Pegasi, ass e Stär mat der visueller Magnitude vun 8 mag am Stärebild Pegasus. De Stär ass wéi eis Sonn, en huet d'Spektralklass G0 V an ass vun eiser Sonn ronn 160 Liichtjoer ewech. 1999 hunn zwéin Teams onofhängeg vuneneen d'Existenz vun engem Begleeder mat der Bezeechnung HD 209458 b entdeckt.

D'Mass vum Stär ass ongeféier 110 % vun der Sonnemass, de Radius ass ongeféier 1,1-fach méi grouss wéi eis Sonn. D'Uewerflächentemperatur vu 6000 Kelvin produzéiert eng 1,6-fach méi hell Liichtkraaft wéi déi vun der Sonn. Den Alter vum Stär gëtt op 4 bis 7 Milliarde Joer geschat, d'Rotatioun ëm déi eegen Achs dauert 14,4 Deeg.

Date vum Begleeder

[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: HD 209458 b

De Planéit mat der Bezeechnung HD 209458 b steet am Bléckpunkt vun der Fuerschung, well bei éischten Ënnersich staark Unzeeche fir Waasserdamp fonnt goufen. D'Mass vum Planéit ass 69 % vun der Jupitermass. Mat engem Bunnradius vun 0,045 AE ëmleeft hie säin Zentralstär 8-mol méi no wéi de Merkur eis Sonn. En Ëmlaf dauert nëmmen dräi an en hallwen Dag.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. ↑ Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. ↑ Gonzalez, Guillermo et al. "Parent Stars of Extrasolar Planets." in "The Astronomical Journal", Volume 121, Issue 1, S. 432-452