Op den Inhalt sprangen

Henri Klein

Vu Wikipedia
Henri Klein
Gebuer 14. Abrëll 1944
Uewerkuer
Gestuerwen 7. September 1995
Esch-Uelzecht
Alter 51 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Gréisst 180 cm

Den Henri Klein oder Bizzi Klein, gebuer de 14. Abrëll 1944 zu Uewerkuer, a gestuerwen de 7. September 1995 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Tëscht dem 27. Oktober 1963 am 5. November 1969 huet de Bizzi Klein 10-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[2]

Den Henri Klein huet seng Karriär als Foussballspiller beim CS Uewerkuer ugefaangenen an ass du bei FA Red Boys Déifferdeng gewiesselt wou hie bis 1964 bliwwen ass. Duerno war hien 2 Joer beim Royal Football Club de Liège fir duerno bei de KVK Tirlemont ze wiessele wou hie vun 1966 bis 1968 war. An der Saison 1968/69 war hie bei de Vancouver Royals a Kanada wou hien 20 Goler geschoss huet,[3] ënnert der Leedung vum Trainer Ferenc Puskás. Duerno koum hien zeréck op Lëtzebuerg bei d'Red Boys Déifferdeng fir d'Saison 1969/70 ier hie fir 2 Joer bei den FC Utrecht gaangen ass. Hien huet seng Karriär bei de Red Boys an der Saison 1972/73 opgehalen.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Portrait vum Bizzi Klein op der Websäit profootball.lu Archivéiert de 05.03.2012. Gekuckt den 31.12.2011.
  2. ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Klein op der Websäit vun European Football
  3. ↑ Portrait vum Henri Klein
  4. ↑ Den Henri Klein op der Websäit vun der Football Database.eu