Jennifer Geerlings-Simons
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Jennifer Simons)
| Jennifer Geerlings-Simons | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
5. September 1953 Paramaribo |
| Alter | 73 Joer |
| Nationalitéit | Surinam |
| Aktivitéit | Politikerin, Doktesch |
| Fonctioun | Presidentin vu Surinam |
|
| |
D'Jennifer Simons, och Jennifer Geerlings-Simons, gebuer de 5. September 1953 zu Paramaribo, am Surinam, ass eng surinamesch Politikerin.
Si war vun 2010 bis 2020 Presidentin vun der Nationalversammlung vu Surinam. 2024 gouf si Presidentin vun der Nationale Democratische Partij (NDP). Nodeems dës d'Parlamentswalen 2025 knapps gewonnen hat, gouf d'Jennifer Simons de 6. Juli 2025 zu der Presidentin vum Land gewielt.[1]
Si ass vu Beruff Doktesch, an huet vun 1981 bis 2010 als Generalistin beim Gesondheetsministère geschafft, Ë. a. war si do vun 1996 bis 2001 Managerin vum nationalen AIDS-Programm.
Gläichzäiteg war si vun 1996 bis 2025 Deputéiert fir d'NDP am Parlament, dorënner 2010 bis 2020 als Parlamentspresidentin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jennifer Geerlings-Simons – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ank Kuipers: "Suriname parliament elects Simons as first female president." reutets.com, 2025-07-06.
