Malawi
| Dziko la Malaŵi Republic of Malawi | |
|---|---|
|
Lag vum Land | |
| National Devise | |
|
Unity and Freedom (Eenheet a Fräiheet) | |
| Allgemeng Informatiounen | |
| Offiziell Sprooch |
Englesch (offiziell) Chichewa (national) |
| Haaptstad | Lilongwe |
| Staatsform | Republik |
| Staatsleedung | |
| President vu Malawi | Peter Mutharika |
| President vu Malawi | Lazarus Chakwera |
| Geographie a Bevëlkerung | |
| Fläch | 118 484[1] km² |
| Waasserfläch | 20% % |
| Bevëlkerung | 17.563.749 (2018) |
| Bevëlkerungsdicht | 187,6 Awunner/km² |
| Geschicht a Staatssymboler | |
| Onofhängegkeet |
vu Groussbritannien, de 6. Juli 1964 Republik zanter dem 6. Juli 1966 |
| Nationalfeierdag | 6. Juli |
| Nationalhymn | Mlungu salitsani malawi |
| Praktesch Informatiounen | |
| Wärung | Malawi Kwacha (MWK) |
| Zäitzon | UTC +2 |
| Internet-TLD | .mw |
| Internationalen Telefonsprefix | +265 |
D'Republik Malawi (chichewa: Dziko la Malaŵi, engl: Republic of Malawi) ass e Staat a Südostafrika. Malawi grenzt am Osten a Süden u Mosambik, am Norden un Tansania an am Westen u Sambia. Bal e Véirels vum Staatsgebitt ass Waasser; de Malawiséi, den drëttgréisste Séi an Afrika, läit fir de gréissten Deel bannent de Staatsgrenzen a mécht am Nordosten eng natierlech Grenz zu Tansania a Mosambik.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Klima
[änneren | Quelltext änneren]D'Klima ass gréisstendeels subtropesch. D'Reenzäit dauert vun November bis Abrëll, de Mee-Oktober ass dogéint eng dréchen Zäit mat wéineg Reen. Laanscht d'Küst vum Malawi Séi, am Dall vum Floss Shire an an der Géigend ëm Lilongwe ass d'Klima éischter waarm a fiicht.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Offiziell Sprooche sinn Nyanja (Chichewa) an Englesch. Regional gëtt och nach Lomwe, Yao, Bengali, Tumbuka a Sena geschwat.
Reliounen
[änneren | Quelltext änneren]Keng offiziell Staatsrelioun.
73 % Chrëschten (dovu 55 % Protestanten), 20 % sunittesch Moslemen, 5 % sinn Unhänger vun Naturreliounen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 1994 ass Malawi eng Demokratie.
Administrativ Ënnerdeelungen
[änneren | Quelltext änneren]Malawi ass an dräi Regiounen (regions) ënnerdeelt. D'Regioune sinn a 27 Distrikter gegliddert déi nach eng Kéier an 137 Haiptlengsgebidder an an 68 Ënnerhaiptlengsgebidder ënnerscheet ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Malawi – Biller, Videoen an Audiodateien |
- www.malawi.gov.mw Offiziell Websäit vum Gouvernement vum Malawi