Op den Inhalt sprangen

Marco Barnig

Vu Wikipedia
Marco Barnig
Gebuer 29. Januar 1951
Gestuerwen 11. Juli 2026
Alter 75 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Ingenieur, Auteur

De Marco Barnig, gebuer den 29. Januar 1951 an der Stad[1], a gestuerwen den 11. Juli 2026 zu Canchy a Frankräich, war e lëtzebuergeschen Telekommunikatiouns-Ingenieur, Auteur an Internet-Pionéier.

Iwwer méi wéi véier Joerzéngten bei P&T Luxembourg huet hien un der Aféierung vu Videotex, ISDN, Mobilfonie (LUXGSM) an dem Internet zu Lëtzebuerg matgewierkt.[2][3] A senge spéidere Joren huet hie sech mat algorithmescher Musek, digitaler Konscht a kënschtlecher Intelligenz beschäftegt, an 2025 huet hien d'KI-Léierbud mat initiéiert, eng ëffentlech Plattform fir KI-Educatioun zu Lëtzebuerg.[4][5]

Jonk Joren an Ausbildung

[änneren | Quelltext änneren]

De Barnig huet eng Ausbildung als Ingenieur an der Elektronik gemaach an huet ufanks den 1970er Joren als Fuerschungsassistent op der ETH zu Zürich geschafft, wou hien no eegenen Aussoen d'Chance hat mat den éischte kommerzielle Mikroprozessoren ze schaffen, dem Intel 4004, 4040 an 8080 souwéi dem Motorola 6800.[2][6] Hie war beaflosst vum britteschen Erfinder Samuel Fedida sengem Viewdata-Konzept (méi spéit kommerziell als Prestel lancéiert).[2]

Karriär bei P&T Luxembourg

[änneren | Quelltext änneren]

1978 huet de Barnig bei P&T Luxembourg (haut POST Lëtzebuerg) ugefaangen ze schaffen.[6][3] Am Ufank war hie fir d'Aféierung vun neien Telekommunikatiounsservicer verantwortlech, dorënner:

  • Alarmis an dat ëffentlecht Alarmnetz RPTA
  • Euronet
  • LUXPAC
  • Teletex a Videotex
  • ISDN
  • LUXGSM, dat éischt mobilt Telefonsnetz zu Lëtzebuerg
  • Internet zu Lëtzebuerg[6][3].

No der Ëmwandlung vu P&T an eng ëffentlech Entreprise am Joer 1992 war de Barnig fir de Verkaf an de Marketing vun allen Telekommunikatiounsservicer vum Bedreiwer verantwortlech; seng lescht Missioun war d'Begleedung vun der Ëmwandlung vum kommerziellen Telekommunikatiounsservice an d'privat Gesellschaft POST Telecom S.A. am Joer 2013.[6]

Hie war ausserdeem laangjärege Member vun der IEEE Communications Society an am Verwaltungsrot vun der Firma Visual Online S.A.[6]

Spéider Karriär an digital Konscht

[änneren | Quelltext änneren]

Och no senger Pensioun bei der POST ass de Barnig un neien Technologien interesséiert bliwwen: algorithmesch Musek, Sproochsynthees a Sproocherkennung, 3D-Animatioun, digital a konzeptuell Konscht, a vun de fréien 2020er Joren un och generativ kënschtlech Intelligenz.[2] Hien huet eng perséinlech Websäit, Internet with a Brain (web3.lu), gefouert, op där hie seng Projeten, Texter a Gedanken iwwer d'Geschicht vun de lëtzebuergeschen Informatiouns- an Telekommunikatiounstechnologien festgehalen huet.[2]

Ufank 2024 huet hie mat KI-Tools wéi ChatGPT a LetzAI en illustréiert Kannerbuch geschriwwen a selwer publizéiert: "Les jeunes explorateurs – Sur les sentiers du patrimoine UNESCO".[7][8] D'Buch, an deem seng fënnef Enkelkanner Protagoniste sinn, gouf vun RTL Lëtzebuerg a vun L'essentiel virgestallt.[8][7]

Doraus ass e méi grousst Projet entstanen, Qubit Lëtzebuerg, eng geplangt autobiographesch Geschicht an e puer Bänn vun der Aféierung vun den Informatiouns- an Telekommunikatiounstechnologien zu Lëtzebuerg; hien huet och e Buch iwwer d'Geschicht vun der Sproochsynthees, "Synthèse de la parole", am Selbstverlag publizéiert.[2][9]

De 24. November 2025 gouf d'KI-Léierbud lancéiert, eng gratis Plattform déi kënschtlech Intelligenz fir jiddereen zu Lëtzebuerg zougänglech maache soll — mat Chat-, Bild- a Videogeneratiouns-Toolen, Quizzen, Artikelen a Sondagen.[4] D'Initiativ gouf vum Marco Barnig ugestouss a vum Lëtzebuerger Ministère fir Digitaliséierung ënnerstëtzt; d'technesch Ëmsetzung ass an Zesummenaarbecht mat de Firme Visual Online a LetzAI entstanen.[4] De Barnig huet erkläert, hie wéilt jidderengem "d'Geleeënheet ginn, KI an engem sécheren, méisproochegen an edukativen Ëmfeld z'entdecken".[4][5]

Perséinlecht Liewen an Doud

[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Barnig huet zu Rodange, gewunnt.[7] Enn Abrëll 2026 huet de Marco Barnig matgedeelt, datt e metastatesche Kriibs an der Bauchspeicheldrüs bei him diagnostizéiert gouf[10].

Hien ass den 11. Juli 2026 zu Canchy am Alter vu 75 Joer gestuerwen.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ gekuckt am Handelsregëster (Visual Online S.A., B79872)
  2. 1 2 3 4 5 6 Marco Barnig, "About," Internet with a Brain, web3.lu. https://www.web3.lu/about/ — Eegequell
  3. 1 2 3 4 "KI-Pionier Marco Barnig ist tot," Tageblatt.lu, 17. Juli 2026, mat Bezuch op de Luxemburger Wort. https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/KI-Pionier-Marco-Barnig-ist-tot-66749.html
  4. 1 2 3 4 "AI for all: Luxembourg makes its educational revolution," Delano (Paperjam Group), 24. November 2025. https://delano.lu/article/ai-for-all-luxembourg-makes-its-educational-revolution
  5. 1 2 "Meet the Luxembourg septuagenarian making AI more accessible," Luxembourg Times. https://www.luxtimes.lu/luxembourg/meet-the-luxembourg-septuagenarian-making-ai-more-accessible/144531696.html
  6. 1 2 3 4 5 "Synthèse de la parole: Histoire de la synthèse vocale mécanique, électrique, électronique et informatique," Autorebio, BoD/Eyrolles/Amazon. Z.B. https://librairie.bod.fr/synthese-de-la-parole-marco-barnig-9782322238606
  7. 1 2 3 Marion Mellinger, "Au Luxembourg: Il publie un livre écrit et illustré avec l'intelligence artificielle," L'essentiel, 10. Abrëll 2024. https://www.lessentiel.lu/fr/story/au-luxembourg-il-publie-un-livre-ecrit-et-illustre-avec-lintelligence-artificielle-103081483
  8. 1 2 RTL Lëtzebuerg, Kulturbäitrag iwwer de Marco Barnig sengt illustréiert Buch, 7. Mäerz 2024. https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2174401.html
  9. ↑ "Qubit Lëtzebuerg," Internet with a Brain, web3.lu (Kapitel-Archiv). https://www.web3.lu/ctl-stories/qubit-letzebuerg/ — Eegequell.
  10. ↑ (en) Linkedin | Marco BARNIG. LinkedIn Archivéiert den 23.07.2026. Gekuckt den 23.07.2026.