Op den Inhalt sprangen

Michel Temer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michel Temer
Funktioun
37. President vu Brasilien
31. August 2016 – 1. Januar 2019
Virgänger Dilma Rousseff
Nofollger Jair Bolsonaro
Biographie
Gebuertsnumm Michel Miguel Elias Temer Lulia
Gebuer 23. September 1940
Alter 86 Joer
Nationalitéit Brasilien
Educatioun Universitéit vu São Paulo
Aktivitéit Politiker, Affekot, Dichter
Gielercher Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Bestuet mat Marcela Temer,
Maria Célia de Toledo

De Michel Temer, mam ganzen Numm Michel Miguel Elias Temer Lulia, gebuer den 23. September 1940 zu Tietê am Bundesstaat São Paulo, ass e brasilianesche Politiker. Hie war vum 31. August 2016 bis den 1. Januar 2019 de 37. President vu Brasilien.

Den 12. Mee 2016 huet hien interimsméisseg d'Regierungsgeschäfter vun der suspendéierter Presidentin Dilma Rousseff iwwerholl. Nodeems de Senat fir eng Amtsenthiewung vun der Roussef gestëmmt huet, gouf den Temer den 31. August 2016 President vu Brasilien.[1]

Wärend senger Presidentschaft gouf et ëmmer nees Uschëllegunge wéinst Korruptioun.[2] Doropshin huet d'Bundesgeriicht Ermëttlunge géint hie lancéiert. Trotz Protester, engem Generalstreik a Récktrëtter vu Ministeren, huet hie sech geweigert zeréckzetrieden.

Bei de Presidentschaftswalen 2018 ass hien net méi ugetrueden. Säin Nofollger gouf, den 1. Januar 2019, de Jair Bolsonaro.

 Commons: Michel Temer – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (de) Brasilien: Senat stimmt für Dilma Rousseffs Amtsenthebung. Der Spiegel (31.08.2016). Gekuckt de 04.11.2026.
  2. ↑ (de) Brasilien: Präsident Michel Temer droht wegen Korruptionsskandal das Aus. Der Spiegel (19.05.2017). Gekuckt de 04.11.2026.