Op den Inhalt sprangen

Moof

Vu Wikipedia
Moof
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1992
Websäit www.moof.lu
MooF Live an der Rockhal Esch Belval

Moof (genannt no der Faarf mof), ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 vum Alex Heyar gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet.

Hire Stil geet vu Rock bis Hardrock, vun hinne selwer als Moof-Rock bezeechent. Zënter 1994 sinn hir Texter op Lëtzebuergesch. Thematiséiert ginn doranner Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet. D'Iddi fir op Lëtzebuergesch ze sangen, huet sech als erfollegräich erwisen.

Moof huet op all méigleche Festivaller a Concerten zu Lëtzebuerg gespillt, an hiren Erfolleg huet zu der Iddi vum MooFest gefouert.

2013 gouf d'MooFest gegrënnt mam Zil fir karitativen Organisatiounen e Stand zur Verfügung ze stellen, fir datt se iwwer hir Aarbecht informéiere kënnen a fir de Leit d'Organisatioune méi no ze bréngen. D'Recettë ginn integral enger karitativer Organisatioun gespent, andeems all d'Gruppen an Artisten op hir Gage verzichten. Jonk Gruppen oder Newcomeren, egal mat wat fir engem Genre vu Musek, kréien eng Méiglechkeet gebuede fir virun engem grousse Publikum ënner professionelle Bedingungen opzetrieden. Bekannt Gruppe sinn och mat am Programm, fir sou vill Leit wéi méiglech kënnen unzezéien.

  • MooFest 2013 (6. Abrëll) - KUFA - MM8 - Stëmm vun der Strooss. Bands: Mindless Anger - Progress - Shirkadath - Crazy Fruits - Diario - de Läb - MooF - Spack-O-Mat
  • MooFest 2014 (5. Abrëll) - KUFA - MM8 - Alzheimer lu. Bands: Luceed - The Michael Shepherd Band - T -the Boss - MooF - Mambo Schinki - Lost in Pain
  • MooFest 2015 (4. Abrëll) - KUFA - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Bands: UNE - Bommeleeer Gewerkschaft - Heavy Petrol - Serge Tonnar Legotrip - MooF - Clanrock
  • MooFest 2016 (9. Abrëll) - KUFA - MM8 - Plooschter Projet. Bands: Kevin Heinen - Fallen Lies - Devnull - Corona Dark - MooF - Scarlet Anger -The Bangin'Men
  • MooFest 2017 (8. Abrëll) - KUFA - MM8 - Fondatioun Jugend - an Drogenhëllef. Bands: Crying Souls - Insert Bandname - Sleepers' Guilt - Kitshickers - Diario - MooF 25 Joer - Schëppe Siwen
  • MooFest 2018 (10. Mäerz) - KUFA - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke. Special Edition. Bands: Thousand Lakes - Fourth Circle - MooF CD Release (Net Fräckt ze kréien) - SIXPAX Comeback
  • MooFest 2019 (15. Mäerz) - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke, Stëmm vun der Strooss Bands: Alien Pitch Cat - STELISE - De Pascal Vu Wooltz - Der Däiwel - MooF - De La Mancha
  • MooFest 2020 (8. Februar) - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke, Stëmm vun der Strooss Bands: Dapple Rose - Pineway - Atomic Rocket Seeders - MooF - SKOR
  • MooFest 2021 (Wéinst der Convid-19 Pandemie ausgefall)
  • MooFest 2022 (17. Dezember) - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Bands: Weakonstruction - Heavy Petrol - T -the Boss - MooF - Tëschegas - Jos Pletschet and friends - Covid Reserve: Crying Souls
  • MooFest 2023 (ausgefall)
  • MooFest 2024 (13. Abrëll) - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Bands: Freshdax - Dëppegéisser - Der Däiwel - MooF - Toxkäpp
  • MooFest 2026 (18. Abrëll) - Rockhal Rocklab - Fondatioun Thierry Van Werveke Bands: SUPERDRIVE - Fallen Lies - Weakonstruction - Scarlet Anger - MooF
  • Alex Heyar - Gesang
  • Marc Reuter - Gittar
  • Paul Pintsch - Gittar
  • Romain Reuter - Keyboards
  • Carlo Remiche - Bass
  • Pascal Simon - Batterie
  • Fréiere Member: Bernard Beck
  • 1993: Demo
  • 1994: Fonkelnei
  • 1996: Ouni Garantie
  • 1998: 't deet esou wéi
  • 2001: Ech sin einfach gutt
  • 2009: Béise Jong
  • 2012: 20 Joer (Kompilatiounsalbum)
  • 2017: 2018: Net Fräckt ze kréien
  • 2024: 2024

Compilatiounen (Albumen)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1997, 5 Joer Eldoradio top - MooF T'as ze spéit
  • 2000, RTL Planet Letzebuerg - MooF Fëscher a Jeër
  • 2001, a little bit of history - MooF Tätowéiert
  • 2001, the next generation - MooF Alcohol am Blutt
  • 2001, Cool Feet and Friends Merry Xmas Everybody - Alex Heyar vu MooF
  • 2006, Merryluxmas - MooF All Joer ëm déi selwecht Zäit
  • 2010, Panet Lëtzebuerg Reloaded - Firwat vu MooF no gespillt vum Serge Tonnar
  • 2011, D'Keess Op An D'Klacken Eraus - Halwer Zing de moien, vun Nazz Nazz (Thierry van Werveke) gesonge vum Alex H, an de Läb - Firwat vu MooF gesonge vum Alex Heyar an Sascha Ley
  • 2015, NAZZ NAZZ Reloaded – Red Eyes op Lëtzebuergesch Roud Aen vun MooF  
  • 2018 Mär sinn aarme Sai mat der CREAMISU
  • 2010, Film Trouble no more vum Andy Bausch MooF d'Lidd Lëtzebuerg
  • 2011, DVD D'Keess Op An D'Klacken Eraus
  • 2016, Dokumentarfilm OGBL Streik! vum Andy Bausch Musek am Streik
  • 2019, Niresteng
  • 2024, Genuch geschafft an 2024
  • 2024, 2024
  • 1996, Best Pop/Rock 1996 vum Eldoradio an der Revue (Zäitschrëft)
  • 1998, Best Live-Band 1998 vun der Zäitschrëft "DIP"
  • 1998, Best CD 1998 vun der Zäitschrëft "DIP

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]