Observatoire Lund
Ausgesinn
|
Den Observatoire ass am ale Waassertuerm Gamla vattentornet vu Lund, op deem en 1,4-m-CAT-Teleskop installéiert ass | |
| Typ | Gebai |
|---|---|
| Bedreiwer | Universitéit Lund |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Schweden |
| Koordinaten | 55°42'42,3"N, 13°12'14,4"O |
|
| |

Den Observatoire Lund ass en Observatoire zu Lund a Schweden. E gehéiert der Universitéit Lund.
Den Observatoire ass an engem fréiere Waassertuerm installéiert. Zanter 2006 gëtt en als Basis fir de gréissten Teleskop a Schwede gebraucht, e Spigelteleskop (CAT) aus dem La-Silla-Observatoire mat enger 1,4-m-Apertur. Duerch déi héich Positioun um Waassertuerm gëtt e verbessert Seeing erreecht, well keng buedemno Turbulenze stéieren.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire Lund – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Den Observatoire op der Säit vun der Universitéit Lund.
