Op den Inhalt sprangen

Patrick Dury

Vu Wikipedia
Patrick Dury
Gebuer 20. Abrëll 1965
Alter 61 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler
Member vun LCGB

De Patrick Dury, gebuer den 20. Abrëll 1965 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Hien ass zanter dem 18. November 2011 President vum LCGB.[1]

Tëscht 1989 an 1998 huet hien an der Produktiounsiwwerwaachung bei Luxguard an am Walzwierk op Arbed-Schëffleng geschafft.

Zanterhier war hie Gewerkschaftssekretär, gouf du Generalsekretär a schliisslech Nationalpresident vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

Ier e Generalsekretär gouf, war hien zoustänneg fir d'Fédération des banques et assurance (LCGB-FEBA), d'ALPL (Association Luxembourgeoises des Pilotes de Ligne et des sociétés de l'aéroport) an den LCGB-SESM.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Source vun den Informatiounen an dësem Artikel, wou net anescht uginn: lcgb.lu/fr/collaborateurs
  2. ↑ (fr) Ministère d'État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt den 23.02.2024.