Op den Inhalt sprangen

Pierre Cao

Vu Wikipedia
Pierre Cao
Gebuer 22. Dezember 1937
Diddeleng
Gestuerwen 14. Mee 2026
Alter 88 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Chouerdirigent, Museker
Auszeechnungen Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Lëtzebuerger Musekspräisser, Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne

De Pierre Cao, gebuer den 22. Dezember 1937 zu Diddeleng, a gestuerwen de 14. Mee 2026[1][2][3] zu Péiteng[4], war e lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist, dee virun allem vun der mënschlecher Stëmm faszinéiert ass.

Uganks huet de Pierre Cao zu Diddeleng an der Wäschmaschinnefabrick Zuang geschafft. Wéinst enger Tuberkulosdiagnos ass hien an d'Schwäiz a Behandlung gaangen. Do huet hien de Komponist an Dirigent Michel Corboz kennegeléiert an decidéiert, Musek ze maachen.[5] Hien huet um Conservatoire royal vu Bréissel Kompositioun an Direktioun gradewéi um Conservatoire vu Metz studéiert.

1960 scho gouf hien Direkter vun der Diddelenger Museksschoul. Vun 1969 bis 1978 war de Pierre Cao nieft dem Louis de Froment den zweeten Dirigent vum RTL-Orchester, dem Virgänger vum haitege philharmoneschen Orchester (OPL). An där Funktioun huet hien 1973 den Orchester dirigéiert, wéi d'Anne-Marie David beim Grand Prix Eurovision de la chanson fir Lëtzebuerg gewonnen huet.[5]

Hien huet duerno och ëmmer nees den OPL dirigéiert, absënns fir de Chrëschtconcert oder d'Feierlechkeete fir de Lëtzebuerger Nationalfeierdag.[5]

Als exzellente Pedagog huet de Pierre Cao sech säi ganzt Liewe laang fir d'Ausbildung vun Dirigenten agesat. Hien huet am Escher Conservatoire an duerno – bis datt en 1997 pensionéiert gouf – am Stater Conservatoire Direktioun enseignéiert. Doriwwer eraus huet e vill Meeschtercourse fir Fortgeschrattener ginn. En huet verschidde Vokalensembelen zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend geleet a war Matgrënner vum Institut européen de chant choral (INECC).

Mat en etleche Plackenopnamen an der Leedung vu ville Chéier, Ensembelen an Orchesteren huet e sech en internationale Ruff verschaaft.

Vun 1999 bis 2014 war de Pierre Cao kënschtleresche Leeder vum Chouer Arsys Bourgogne.

An den 1950er-Jore war de Cao och als Handballspiller aktiv. 1954 war hie fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet zéngmol an der Nationalekipp gespillt[6].

Éierungen a Gielercher

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ "Pierre Cao, le chef d'orchestre le plus emblématique du Luxembourg, est décédé." virgule.lu, 14.05.2026.
  2. ↑ De Lëtzebuerger Dirigent Pierre Cao ass dout -Wie war de Komponist, Dirigent a Museker?, Radio 100,7, 25.05.2026, gekuckt de 15.05.2026
  3. ↑ (fr) Louis-Valentin Lopez, Mort de Pierre Cao, le plus renommé des chefs luxembourgeois. France Musique (15.05.2026). Gekuckt den 18.05.2026.
  4. ↑ Familljenannonce am Luxemburger Wort, 23.05.2026, S. 48
  5. 1 2 3 (lb) Sophie Morang, De Lëtzebuerger Dirigent, Museker a Komponist Pierre Cao ass dout. 100komma7.lu (15.05.2026). Gekuckt de 15.05.2026.
  6. ↑ Archiv-Kopie Archivéiert den 29.06.2017. Gekuckt den 29.06.2017.
  7. ↑ (fr) Des personnalités de la vie culturelle à l’honneur - ORDRE DE MERITE. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 4. Luxemburger Wort (21.06.1978). Gekuckt den 11.06.2026.
  8. ↑ (fr) Décret du 13 juillet 2011 portant promotion et nomination - Légifrance. www.legifrance.gouv.fr. Gekuckt de 15.05.2026.
  9. ↑ (fr) Actualités. gouvernement.lu (23.06.2024). Gekuckt de 15.05.2026.