Pierre Schockmel
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Pierre Schockmel | |
|---|---|
| Gebuer |
12. Februar 1904 Zolwer |
| Gestuerwen |
1. Oktober 1967 Lëtzebuerg |
| Alter | 63 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Member vun der Assemblée consultative vun 1945, Generalsekretär vum LCGB |
| Member vun | LCGB |
|
| |
De Pierre Schockmel, gebuer den 12. Februar 1904[1] zu Zolwer, a gestuerwen den 1. Oktober 1967 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (CSV).
Hie war 1945 Member vun der Assemblée consultative a gouf bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 an och bei deene vum 7. Juni 1964 als Deputéierten aus dem Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt.[3]
De Pierre Schockmel war ausserdeem vun 1967, bis zu sengem Doud, Generalsekretär vum LCGB.
Zu Suessem gouf, fir un hien z'erënneren, eng Strooss no him genannt (rue Pir Schockmel).[4]
Member vun der NSDAP?
[änneren | Quelltext änneren]Ënner der däitscher Besatzung huet de Pierre Schockmel den 8. Mäerz 1941 eng Demande gemaach fir Member vun der NSDAP ze ginn. Op der Karteikaart mat der Nummer 8358149 steet drop, datt en den 1. Juli 1941 opgeholl gi wier, mä méi spéit ass d'Entête duerchgestrach ginn an d'Kaart gouf den 2. September 1942 mat “Aufnahme abgelehnt” gestempelt[5]. Et gëtt verschidden Interpretatiounsméiglechkeeten, sou datt et net kloer ass ob hien effektiv Member war oder net, absënns well d'Hannergrënn vun der Demande a vum Refus net bekannt sinn.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Pierre Schockmel †" Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1967
- ↑ (fr) Avis de décès. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 14. Luxemburger Wort. Gekuckt den 20.04.2026.
- ↑ "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61.
- ↑ L-4992; Lokalisatioun op geoportail.lu.
- ↑ (de) Germany Berlin Office Berlin Document Center Department of State. U. S. Embassy, A3340-MFKL: Number P0135. Series: Records Relating to Membership in the Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei (NSDAP) S. 2362. Gekuckt den 19.04.2026.
