Op den Inhalt sprangen

Romain Wolff

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Fir de lëtzebuergesche Biergcourse-Pilot, kuckt wgl. Romain Wolff (Biergcourse-Pilot).
Romain Wolff
Gebuer 14. Mäerz 1961
Alter 65 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler
Member vun Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité
Auszeechnungen Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne

De Romain Wolff, gebuer de 14. Mäerz 1961,[1] ass e lëtzebuergesche Beamten a Gewerkschaftler. Vun 2005 bis Dezember 2016 war hie Generalsekretär vun der CGFP. Den 12. Dezember 2016 gouf hien, als Nofollger vum laangjärege President Emil Haag, zum neien Nationalpresident vun der CGFP bestëmmt. Neie Generalsekretär gouf dunn de Steve Heiliger.

Dem Romain Wolff seng berufflech Carrière fänkt 1982 als Redakter beim Enregistrement un. Do engagéiert hie sech och gewerkschaftlech a gëtt Member vum Comité vun der Association générale des cadres. 2002 gëtt de Romain Wolff Vizepresident vun der CGFP.

Ufank 2005 gëtt de Romain Wolff zum haaptberuffleche Generalsekretär vun der CGFP gewielt. Hie war eréischt den zweeten Titulaire vun deem Posten, nodeems de Joseph Daleiden vun der Grënnung vun der CGFP am Joer 1967 ganzer 38 Joer am Amt war.

Den 29. Juni 2015 ass de Romain Wolff zum Nofollger vum Emil Haag als President vun der Beruffschamber vun de Staatsbeamte gewielt ginn.

De Romain Wolff ass zanter dem 21. September 2020 Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité.[1]

  • Max Lemmer, Führungswechsel - Wolff folgt auf Haag - Neuer Vorstand der Staatsbeamtenkammer gewählt; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Juni 2015.
  • Claude Damiani, Romain Wolff à la tête de la CHFEP; in: Le Quotidien, Editioun vum 30. Juni 2015, S. 4.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) WOLFF, Romain - Details. memberspage.eesc.europa.eu. Gekuckt den 22.05.2026.
  2. ↑ Romain Wolff honoré : un parcours exemplaire au service de la fonction publique op der Säit 7 vum numéro 289 vum mai 2026 vum Périodique 'fonction puiblique' deen als 'Organe de la Confédération Générale de la Fonction Publique' publizéiert gëtt