Rouerbaach
Ausgesinn
|
Den Dall vun der Rouerbaach um Schollefeld | |
| Hydrographesche Baseng | Meuse-Baseng |
|---|---|
| Leeft an | Kuer |
|
| |
D'Rouerbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an de Gemenge Suessem, Déifferdeng a Péiteng.
Si entsteet op enger Héicht vun 299 Meter, an der Kueswiss am Oste vu Suessem, aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen. Vun do aus leeft se de ganzen Zäit no Westen, duerch d'Schollefeld a Suessem, ënner der Collectrice erduerch, fir am Norde vun der Industriezon Hahnebësch, op enger Héicht vun 277 Meter, vu riets an d'Kuer ze lafen.
Als Niewefloss vun der Kuer, ass et zu Lëtzebuerg eng vun de wéinege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rouerbaach – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Laf vun der Rouerbaach op geoportail.lu
