Op den Inhalt sprangen

Schëffleng

Vu Wikipedia
Schëffleng
Den Zenter vu Schëffleng (2025)
An anere Sproochen fr: Schifflange
de: Schifflingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Carlo Feiereisen (LSAP)
Awunner 11.674
  1. Januar 2026
Fläch 776,0088 ha
Héicht 291 m
Koordinaten 49° 30’ 20’’ N
      06° 00’ 45’’ O
Postcode 3850
LAU-Code LU0214
Websäit https://schifflange.lu/
D'Gemeng Schëffleng (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

Kaart

Vue op Schëffleng, vun der "Plakeger Kopp" aus (2008)
D'Märei vu Schëffleng (2011)

D'Gemeng Schëffleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

D'Gemeng huet 11.674 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Schëffleng ass 771 ha grouss a läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 a 400 m.

Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am Süden an Esch-Uelzecht am Westen.

Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Monnerech Wandrous
Esch-Uelzecht N Beetebuerg
W    Schëffleng    O
S
Keel

Häff a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Schëffleng ass den 31. August 1876 op der Basis vum Gesetz vum 6. Juli 1876 geschaf ginn[3], andeems d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt gouf fir déi nei eegestänneg Gemeng ze bilden[4].

Beschreiwung am Originaltext:

d'or à la bande de gueules, chargée de trois moufles senestres d'argent appaumées, posées dans le sens de la bande
A.GD. 12. Mäerz 1975 - Mémorial B 1975, Säit 374

Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5.568 Awunner Lëtzebuerger, 1.617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 däitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn[5].

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer0200040006000800010.00012.000180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

JoerADRCSVDPgréngLSAPlénk
199915115-
200504117-
201104126 -
2017-6126-
2023-51261

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.

Buergermeeschtere vu Schëffleng

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1876 – 1882: Michel Noel
  • 1883 – 1887: Jean Klein
  • 1888 – 1892: Michel Noel
  • 1893 – 1911: Jean Conrad
  • 1912 – 1915: Jean Klein
  • 1916: Gaspar Arensdorff
  • 1917 – 1925: Jean Claus
  • 1926 – 1928: Jean Jaas
  • 1929 – 1934: Denis Netgen (LSAP)
  • 1935 – 1941: Nicolas Grund
  • 1944 – 1963: Denis Netgen
  • 1964 – 1969: Hubert Olinger
  • 1970 – 1985: Astrid Lulling (LSAP /SDP/CSV)
  • 1985 – 1993: Nicolas Frisch
  • 1994 – 2002: Nelly Stein (CSV)
  • 2003 – 2017: Roland Schreiner (LSAP)
  • 2017 – 2025: Paul Weimerskirch (CSV)
  • zanter Juli 2025: Carlo Feiereisen (LSAP) [6][7]

Verkéiersubannung

[änneren | Quelltext änneren]

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert an duerch den nërdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze Stéck am Nordweste geet d'A4 duerch d'Gemeng, déi Esch-Uelzecht mat Lëtzebuerg verbënnt. Ganz am Süde geet d'N31 iwwer e klengt Stéck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.

Ëffentlechen Transport

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vu Schëffleng läit op de Linne Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen a Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg vum CFL-Zuchreseau.

Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a gëtt ë. a. vun den RGTR-Linnen 612, 812, 813, 830, 840, 850, 860, 861, 870, 882, L03 an N01 ugefuer. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.

Industriezonen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Industriezon Monkeler am Dräieck tëscht der A4 an der A13 läit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick. Richtung Féiz erstreckt sech zanter uganks vun den 2020er Joren d'Industriezon Op Herbett.

Kultur a Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kulturariichtungen
  • Bestgensmillen
  • Konschtgalerie vum SIT-Schëffleng
  • Resistenzmusée Schëffleng

Reliéis Gebaier

[änneren | Quelltext änneren]

Partnerschafte mat auslännesche Stied

[änneren | Quelltext änneren]

Clibb a Veräiner

[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Schëfflenger

[änneren | Quelltext änneren]

Mat Schëffleng verbonne Persoune

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:

  • Jérôme Courtoy, 2019, Schifflingen im Ausnahmezustand. Zwischen Kriegsvorbereitungen, Evakuation und Besatzung. Ein Rekonstruktionsversuch., Adm. municipale Schifflange, 64 S. ISBN 978-2-9199539-2-9
  • Jérôme Courtoy, 2018, Die Eingemeindung Schifflingens an Esch/Alzette. Ein Rekonstruktionsversuch, Adm. municipale Schifflange, 32 S. ISBN 978-2-9199539-0-5
  • Emil Angel, 2016, Schëffleng, Eine Stadt im Wachsen und Werden, 104 S. ISBN 978-99959-955-1-5
  • Jean Hansen, 1997, Schëffléng, séng Geschicht a séng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
  • 1996, Schifflange, sa commune et ses activités Adm. municipale Schifflange, 52 S.
 Commons: Schëffleng – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. ↑ D'Gesetz ass den 22.07.1876 publizéiert ginn a seet am Artikel 3: « La présente loi sera exécutoire 40 jours après sa publication »
  4. ↑ (fr) Loi du 6 juillet 1876, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange. data.legilux.public.lu (06.07.1876). Gekuckt den 12.07.2026.
  5. ↑ Websäit vun der Gemeng Schëffleng, Kategorie: Demographesch Situatioun Archivéiert den 19.02.2013. Gekuckt de 25.02.2013.
  6. ↑ "Neues Jahr, neuer Bürgermeister." wort.lu, 31.12.2024.
  7. ↑ (fr) Assermentation de Carlo Feiereisen, bourgmestre, et de Nadine Kuhn-Metz, échevin, de la commune de Schifflange. maint.gouvernement.lu (24.07.2025). Gekuckt de 25.07.2025.
  8. ↑ – thorn/ Empfang zur Éier vum Laura Thorn vum 6. Juni 2025, Offiziell Websäit vun der Gemeng Schëffleng, Gekuckt den 25. Juni 2026
  9. ↑ – will-wieder-auf-den-wanderthron-4f61b7cce4b0860580a9f172 Wort-Artikel Schifflinger will wieder auf den Wanderthron