Taliban

D'Taliban, (paschtunesch طالبان, kuerz fir د افغانستان د طالبان اسلامی تحریکِ) sinn eng deobandesch-islamistesch Terrorgrupp déi am September 1994 gegrënnt gouf, an du fir d'éischt vu September 1996 bis Oktober 2001 grouss Deeler vum Afghanistan kontrolléiert huet an zënter August 2021 d'Kontroll vum Land huet.[1]
D'Taliban an hiert Emirat ginn, Stand Juli 2025, nëmme vu Russland unerkannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Taliban bestounge bei hirer Grënnung aus Kämpfer am Krich géint d'Sowjetunioun an de Joren 1979 bis 1989.
D'Taliban sinn 1994 fir d’éischt an der südlecher Stad Kandahar opgedaucht. Si hunn d'Muecht an e puer südlechen a westleche Provënzen iwwerholl an am September 1996 d'Haaptstad Kabul eruewert. Duerno hu se d'Islamescht Emirat Afghanistan gegrënnt an hir Kontroll op weider Gebidder am Norde vum Afghanistan ausgedeent. Hir Herrschaft war dobäi ënner anerem ëmmer méi vun enger radikaler Intoleranz géintiwwer Minoritéite markéiert. Am Oktober 2001 gouf hir Regierung vun Truppe vun der afghanescher Vereenter Front, an Zesummenaarbecht mat amerikaneschen a brittesche Spezialunitéiten, am Kader vun enger US-gefouerter Interventioun, gestierzt. Hir Féierung konnt sech an de Pakistan zeréckzéien.
Vun 2003 un, hunn d'Taliban vum Pakistan aus eng terroristesch-militäresch Campagne géint d'Islamesch Republik Afghanistan an déi international Truppe vun der International Security Assistance Force (ISAF) am Afghanistan gefouert. Dobäi war d'Zuel vun den Uschléi géint déi afghanesch Zivilbevëlkerung méi wéi duebel sou héich wéi déi vun den Uschléi géint afghanesch oder international Truppen. E Rapport vun de Vereenten Natioune weist, datt d'Taliban an de Joren 2009 an 2010 fir iwwer 75 % vun den zivillen Doudesaffer am Afghanistan verantwortlech waren. Mënscherechtsorganisatiounen hunn den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag derzou bruecht, eng virleefeg Enquête wéinst systematesche Krichsverbrieche géint d'Taliban ze maachen.
De 15. August 2021 hunn d'Taliban d'Haaptstad Kabul nees eruewert an hir Victoire proklaméiert.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Taliban – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Andrea Spalinger, Die Taliban sind in Afghanistan erneut an der Macht: Wer sind sie? Wer führt sie an? Wie sind sie organisiert?. Neue Zürcher Zeitung (16.08.2021). Gekuckt den 12.08.2026.
- ↑ (en) ‘We failed in politics’: Exiled Afghan president refuses to blame military. NBC News. Gekuckt den 12.08.2026.