Traufel

Eng Traufel ass en Handwierksgeschier, mat deem e Steemetzer d'Speis verschafft.
Si besteet aus engem Grëff, deen an e Blat aus Metall iwwergeet. Dat Blat kann dräi- oder véiereckeg sinn. Am Géigesaz zur Spachtel, déi méi dënn a flexibel ass a sech der Iwwerfläch upasst, ass d'Blat vun der Traufel méi déck a stabil. Mat hir kann een d'Speis, oder och nach anert Material wéi Bëtong oder Botz, opdroen a verdeelen. Well d'Blat méi deck ass verbéit et sech net; esou kann een déi schwéier Mass beim Verschaffe besser kontrolléieren.[1][2]
Beim Mauerbau gëtt d'Speis mat der Traufel op d'Zillen oder d'Steng opgedroen a gläichméisseg verdeelt, fir datt se propper openee gesat kënne ginn. Mat der Traufel kann een och d'Foue verbotzen oder Wänn glat maachen oder modelléieren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Traufel – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Kellen & Spachteln im aktuellen Vergleich 02/2026. testsieger.de (Februar 2026). Gekuckt den 20. Februar 2026.
- ↑ (fr) Truelle, spatule, taloche : quel outil pour quels usages ?. lemagdestravaux.com. Gekuckt den 20. Februar 2026.