Op den Inhalt sprangen

Un simple accident

Vu Wikipedia
Un simple accident
Film
Produktiounsland Frankräich, Lëtzebuerg, Iran
Première 20. Mee 2025
Dauer 105 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1
Originalsprooch Persesch
Ekipp
Regie Jafar Panahi
Dréibuch Jafar Panahi
Produzent Philippe Martin,
جعفر پناهی,
David Thion
Produktiouns-
gesellschaft
Les Films Pelléas,
Pio & Co
Schauspiller
  • Vahid Mobasseri: Vahid
  • Mariam Afshari: Shiva
  • Ebrahim Azizi: Eghbal
  • Hadis Pakbaten: Golrokh
  • Majid Panahi: Britchemann
  • Mohamad Ali Elyasmehr: Hamid
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Un simple accident (op Englesch: It was Just an Accident oder A Simple Accident; op Persesch: یک تصادف ساده) ass e franséisch-lëtzebuergesch-iranesche Film vum iranesche Regisseur Jafar Panahi aus dem Joer 2025.

En hat seng Première den 20. Mee 2025 am Haaptprogramm vum 78. Filmfestival vu Cannes, wou en d'Gëlle Palm fir dee beschte Film gewonnen huet. E kënnt am Hierscht 2025 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Den Aserbaidjaner Vahid, en Autosmecanicien, war am Iran an de Prisong gestach ginn a gouf do ëmmer nees gepéngegt a mat verbonnenen Ae verhéiert. Joren dono mengt en am Eghbal, engem Client, deen eng jiipseg Beenprothees huet, säi Péngeger vu fréier erëmz'erkennen. Hien entféiert en a fiert mat him an d'Wüst, fir en do lieweg ze begruewen. Ma dem Eghbal streit of, jee an engem Prisong geschafft ze hunn, a behaapt, dass e säi Been eréischt viru Kuerzem verluer hätt. De Vahid fiert mat him op Teheran zeréck, fir aner Matgefaangener vu fréier ze froen, fir him bei der Indentifizéierung ze hëllefen ... [1][2]

De Film gouf heemlech, ouni Dréigeneemegung, Enn 2024, am Iran gedréit. Déi meescht Schauspiller waren Amateur-Schauspiller oder hu soss e Beruff. D'lëtzebuergesch Produktiounsgesellschaft Bidibul Production war mat 55.000 Euro un de Produktiounskäschte vun am Ganze ronn 1,1 Millioun Euro bedeelegt. Bei der Demande fir Ënnerstëtzung duerch de Lëtzebuerger Filmfong gouf sech drop gëeenegt, an Dokumenter e fiktiven Titel, Les signes de la planète an e fikitve Regisseur, eng gewëss Valérie Midwer, ze gebrauchen, fir kee Verdacht opkommen ze loossen. De Montage vun de Biller an den Etallonnage gouf dann och zu Lëtzebuerg gemaach.[3]

 Commons: Un simple accident – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ David Ehrlich: "‘It Was Just an Accident’ Review: Five Iranian Dissidents Debate Killing Their Former Torturer in Jafar Panahi’s Breathless Moral Thriller". indiewire.com, 20.05.2025 (nogekuckt: 24.05.2025).
  2. ↑ Peter Bradshaw: "'A Simple Accident' review – Jafar Panahi takes us on a nightmare trip into a land of bribes and brutality". theguardian.com, 20.05.2025 (nogekuckt: 24.05.2025).
  3. ↑ Julien Carette: Le secret luxembourgeois derrière la Palme d’or." virgule.lu, 26.05.2025.