Op den Inhalt sprangen

Utopie

Vu Wikipedia
Eng däitsch Illustratioun aus dem Joer 1904 mat dem Vollek am deemolege Staat (lénks) an an engem utopeschen Zukunftsstaat (riets).

Eng Utopie (aus dem algriicheschen οὐτοπία, "néierewou") ass e Modell vun enger idealer Welt, där hir Bewunner ënner perfekte Bedéngunge liewen. Deen Zoustand ass onerreechbar an eng idealistesch Virstellung.[1][2][3]

D'Géigebild vun der Utopie ass d'Dystopie.

Begrëffsgeschicht

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff staamt aus dem Thomas More sengem Staatsroman Utopia vu 1516 an deem e Modell vun engem ideale Staat beschriwwen ass.

Schonn ee Joerhonnert virdrun hat déi franséisch-venezianesch Schrëftstellerin Christine de Pizan an hirem 1405 fäerdeggestellte Roman Le Livre de la Cité des Dames fir d'éischt d'Bild vun enger utopescher Gesellschaftsform duergestallt.

An der Renaissance koumen nach e puer Utopien dobäi, wéi dem Dominikanerpater Tommaso Campanella säin Civitas solis ("Sonnestaat") an dem Francis Bacon säin Nova atlantis ("Nei-Atlantis").[1]

Och am Zäitalter vun der Opklärung hu sech Auteure mam Verlaangeren no engem gudden a gerechte Staat beschäftegt an dat Theema literaresch verschafft. Z'ernimme sinn do de Restif de La Bretonne an den Étienne-Gabriel Morelly, dee schonn 1755 a sengem Code de la nature de Privatbesëtz wëll ofgeschaaft gesinn.

 Commons: Utopia – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) Utopia. britannica.com (11. August 2026). Gekuckt de 17. August 2026.
  2. ↑ (de) Klaus Schubert & Martina Klein, Utopie. bpb.de (2020). Gekuckt de 17. August 2026.
  3. ↑ (fr) Utopie. portail-lexical.fr. Gekuckt de 17. August 2026.