Op den Inhalt sprangen

Wikimedia Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wikimedia Lëtzebuerg
Rechtsform Association sans but lucratif
Ofkierzung WM-LU
Grënnungsdatum 26. November 2016
Sëtz Leideleng
  17, Lëtzebuerger Strooss
RCS F11166

Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 zu Keel gegrënnt gouf an den 1. Februar 2017 als Association sans but lucratif am Handelsregëster ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf[1]. Zanter 2019 huet de Veräi säi Sëtz an der Gemeng Leideleng.

Den Zweck vun der Associatioun ass:

  • d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren
  • dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren
  • d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z. B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia
  • mat der Wikimedia Foundation matschaffen an och am Reseau vun den Chapter vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen
  • Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen
  • d'Ëffentlechkeet a punkto Problematike vun der intellektueller Proprietéit ze sensibiliséieren, besonnesch déijéineg, déi mat den Auteursrechter zesummenhänken an eng Gesetzgebung ze verdeedegen, déi souwuel am Aklang mat der intellektueller Proprietéit, wéi mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun ass.

D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †Astro-Jupp, Cayambe, GilPe, Les Meloures, MMFE, Robby, Soued031, Sultan Edijingo an Zinneke.

D'Associatioun ass um Site vun der Agence vum Benevolat referenzéiert[2].

De 27. November 2021 gouf Wikimedia Lëtzebuerg mat der Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz am Sëlwer[3] vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.

2026 war d'ASBL Wikimedia Lëtzebuerg Laureat vum Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.[4] Dëse Präis gouf de 5. Mai 2026 vum Kulturminister Eric Thill an der Nationalbibliothéik iwwerreecht.[5]

Kontaktadress: [email protected].

 Commons: Wikimedia-Treffen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Publication F11166
  2. ↑ Wikimedia Lëtzebuerg um Site vun der Agence vum Benevolat
  3. ↑ Klack 275
  4. ↑ "Den Eric Thill huet den Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht." Communiqué op gouvernement.lu, 06.05.2026.
  5. ↑ "Den Eric Thill huet den Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht." Communiqué op gouvernement.lu, 06.05.2026.
    "Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch goung un d'Jackie Messerich a Wikimedia", rtl.lu, 7.5.2026, gekuckt den 10.05.2026