Zimier
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Zimier (franséisch cimier, englesch crest) ass den Numm fir eng mëttelalterlech Helm-Dekoratioun. An der Heraldik gëtt de Begrëff heiansdo, amplaz vum Wuert Timbre, fir de ganzen Helm mat senger Dekoratioun benotzt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
Den éischten dokumentéierte mëttelalterlechen Zimier ass deen um Sigel vum Grof Baudouin IX. vu Flandern ëm d'Joer 1197, wou e klenge Léiw (lion passant) um Helm steet.
Kuerz duerno verbreet sech de Gebrauch vun Zimieren, duerch Westeuropa. Speziell am Hellege Réimesche Räich ginn d'Zimiere séier en Zeeche vun der Ritterschaft an hire Familljen.
Bei de Lëtzebuerger Grofe kenne mer mam Heinrich VII. sengem Sigel aus dem Joer 1297 fir d'éischt sou een Zimier, deen e befligelten Draach (d'Melusina) deen aus enger Bitche klëmmt duerstellt, noweisen. Vum Jang de Blannen un droen dann d'Grofen den traditionelle béimeschen Zimier „vun enger Koppel schwaarze Flilleken déi mat gëllene Lanneblieder garnéiert sinn“ (un vol de sable semé de feuilles de tilleul d'or).
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Manuel du Blason, D. L. Galbreath, Léon Jéquier
- Armorial du pays de Luxembourg, Dr. Jean-Claude Loutsch