Op den Inhalt sprangen

Gemeng Bungeref

Vu Wikipedia
Bungeref
An anere Sproochen fr: Bigonville
de: Bondorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Buergermeeschter /
Fläch 1.583 ha
Koordinaten 49°51'3,2"N, 5°47'30,0"O
Gegrënnt 1. Oktober 1795
Opgeléist 31. Dezember 1978

Kaart

D'Gemeng Bungeref war bis den 31. Dezember 1978 eng lëtzebuergesch Gemeng, genannt no hirem Haaptuert Bungeref.

Op den 1. Januar 1979 huet d'Gemeng Bungeref zesumme mat de Gemengen Ueschdref, Folscht a Pärel zur neier Gemeng Rammerech fusionéiert.

D'Gemeng Bungeref huet aus de Sektioune Bungeref a Rommeler Haff bestanen. D'Uertschaft Flatzbuer gehéiert zur Sektioun Bungeref.[1] D'Gemeng hat eng Fläch vu 1583,2420 ha.

Uertschaften a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Lieu-diten an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Gemeng Bungeref ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

D'Gemeng Bungeref huet op den 1. Januar 1979 mat de Gemengen Ueschdref, Folscht a Pärel zur neier Gemeng Rammerech fusionéiert[2].

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  1. ↑ Opzielung vun de Gemengen an Dierfer déi zur Gemeng Rammerech fusionéiert goufen op der Websäit vun der Gemeng Rammerech
  2. ↑ (fr) Loi du 27 juillet 1978 portant fusion des communes de Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé.. data.legilux.public.lu (27.07.1978). Gekuckt den 18.06.2023.
  3. ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  4. ↑ Bald Luxemburgs erste Gemeindefusion? In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 41 (19.02.1975), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].