Gemeng Fluessweiler
| Gemeng Fluessweiler | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Fluessweiler | |
| An anere Sproochen |
fr: Flaxweiler de: Flaxweiler |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Gréiwemaacher |
| Buergermeeschter | Paul Ruppert |
| Awunner | 2.268 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 3.017,427 ha |
| Héicht | 283 m |
| Koordinaten |
49° 39’ 55’’ N 06° 20’ 35’’ O |
| LAU-Code | LU1103 |
| Websäit | https://www.flaxweiler.lu/ |
| Gegrënnt | 1. Oktober 1795 |
|
D'Gemeng Fluessweiler (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout) | |
|
| |
D'Gemeng Fluessweiler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher an de Chef-lieu ass d'Uertschaft Fluessweiler.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Fluessweiler ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[3]: Parti d'or au lion de sable armé et lampassé de gueules, et de gueules à la clef d'argent contournée mise en pal, le panneton vers le haut, à la bordure partie de gueules et d'or chargée de cinq quintefeuilles en couleurs échangées, celle de la pointe de l'un en l'autre et brochant sur la partition. Ënnert dem Ancien Régime war Fluessweiler – zesumme mam Buchholzer Haff – am gemeinsame Besëtz vun der Famill vu Meesebuerg (d'or au chef de gueules chargé de trois mésanges (heiandsdo merlettes) d'or (d'Meesen (mésanges) heiandsdo au naturel)) an där vun Zolwer (d'argent au lion de sable armé et lampassé de gueules). De Rescht vun der aktueller Gemeng houng vun der Probstei Gréiwemaacher of (burelé d'argent et d'azur au lion de gueules armé, lampassé et couronne d'or, à la clef d'argent brochant en barre). De Wope reflektéiert dës historesch Fakten: déi wichtegst Faarwen (Gëllen a Rout) sinn déi vun der Famill vu Meesebuerg, déi d'Haaptrechter hat; de Léiw ass dee vun der Famill vun Zolwer an de Schlëssel – aus ästhetesche Grënn ëmgedréit – ass dee vun der Probstei. Schlussendlech symboliséieren d'„Fënnefblieder“ déi fënnef Uertschafte vun der Gemeng an déngen och als Nummswopen (fr. armes parlantes; „Fluessweiler“ vu Fluess). |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Buergermeeschtere vu Fluessweiler vun 1806 bis 2025[4]:
- 1806 – 1810: Michel Metzdorf vu Fluessweiler
- 1810 – 1812: Pierre Stemper vu Fluessweiler
- 1813 – 1816: Jean Nielles vu Beyren
- 1816 – 1819: François Strasser vu Fluessweiler
- 1819 – 1825: Jean Huberty vu Fluessweiler
- 1825 – 1830: Jean Peters vun Uewerdonwen
- 1830 – 1839: Michel Pettinger vu Gouschteng
- 1840 – 1848: Jean Peters vun Uewerdonwen
- 1848 – 1854: Michel Pettinger vu Gouschteng
- 1854 – 1867: Jean-Pierre Huberty vu Fluessweiler
- 1867 – 1876: Michel Engel vu Gouschteng
- 1876 – 1887: Antoine Boss vu Buchholz
- 1889 – 1895: Adolphe Musquar vu Buchholz
- 1896 – 1928: Jean Molitor vun Uewerdonwen
- 1929 – 1941: Michel Schritz vu Gouschteng
- 1945 – 1945: Jean Sturm vu Beyren
- 1946 – 1965: Edouard Steffes vu Fluessweiler
- 1966 – 1970: Eugène Kauffmann vu Gouschteng
- 1970 – 2005: Roger Lenert vun Nidderdonwen
- 2005 – 2017: Théo Weirich vu Gouschteng
- 2017 – 2023: Roger Barthelmy vun Uewerdonwen
- zanter 2023: Paul Ruppert vun Uewerdonwen
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Fluessweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Godart, Dokter a Politiker
- Jacques Nesser, Jesuitt a Missionnaire an Afrika
- Jean Peters, kathouleschen Theolog
- Nicolas Ries, Schrëftsteller an Editeur
- Aly Schroeder, Politiker
- Nicolas Weirich, Geeschtlechen an Auteur
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Fluessweiler – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 107 (fr).
- ↑ (fr) La commune – Flaxweiler. flaxweiler.lu (18.06.2024) Archivéiert den 12.08.2025. Gekuckt den 09.09.2025.

