Gemeng Hesper
| Gemeng Hesper | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei zu Hesper | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Hesperange de: Hesperingen |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
| Chef-lieu | Hesper |
| Buergermeeschter | Diane Adehm (CSV) |
| Awunner | 17.264 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 2.739,2818 ha |
| Héicht | 255 m |
| Koordinaten |
49° 34’ 15’’ N 06° 09’ 05’’ O |
| LAU-Code | LU0303 |
| Websäit | http://www.hesperange.lu/ |
| Gegrënnt | 1. Oktober 1795 |
|
D'Gemeng Hesper (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |
|
| |

D'Gemeng Hesper ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hesper vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Hesper ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
D'Gemeng Hesper huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar 1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Hesper zesummegedoe fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton[3] mat engem Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.
An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet d'Gemeng, sou wéi vill anerer e wirtschaftlechen an industriellen Opschwong gehat, a war eng Zäit laang un zwou Eisebunnsstrecken ugeschloss, an zwar vun 1822 bis 1955 un d'Sekundärstreck Lëtzebuerg-Réimech mat Garen zu Hesper an zu Alzeng, an un d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat enger Gare zu Fenteng, déi vun 1859 bis 1877 a Betrib war.
De 16. September 1992 gouf um Terrain vum fréieren Urbéngs-Schlass dat neit Gemengenhaus mat engem Areal vun 13 ha Gréngflächen ageweit.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[4]: Fascé d'or et d'Azaur de six pièces à la bande de gueules brochante, accompagnée en chef d'une tour crénelée d'argent, maçonnée de sable, et en pointe d'une fleur de lis aussi d'argent. De Fascé erënnert un d'Häre vu Roudemaacher (fascé d'or et d'azur), déi schonn am 14. Joerhonnert Häre vun Hesper waren (Alzeng an Izeg). En erënnert och un d'Häre vu Miersch (fasce d'or et d'azur, la fasce du chef chargée à dextre d'une molette de sable), déi vun deene vu Roudemaacher ofstamen an als Voué fir d'Abtei Saint-Vanne vu Verdun gedéngt hunn, wat hir Besëtzer zu Fenteng ugeet. Déi rout Sträif (bande de gueules) kënnt vum Wope vun de Marquisën (Markgraf) vu Baden (d'or à la bande de gueules), déi vu 1479 bis zum Enn vum Ancien Régime Häre vun Hesper waren. Den Tuerm bezitt sech op d'Feudalschlass, deem seng Ruinen nach ëmmer zu Hesper stinn. D'Fleur-de-lis, Symbol vun der Muttergottes, erënnert un d'Abtei Clairefontaine an un d'Gräfin Ermesinde (hire Wopen ass net bekannt, mä op engem vun hire Sigel ass se mat engem Zepter mat enger Fleur-de-lis-Spëtzt duergestallt), déi hire Besëtztum zu Hesper vun der Mënster-Abtei op d'Abtei vu Clairefontaine iwwerdroen hat. Schlussendlech symboliséiert d'Fleur-de-lis awer och d'Verbonnenheet vun der Famill Roudemaacher mat der franséischer Kroun (d'azur à trois fleurs de lis d'or). |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun Hesper gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 15 Conseilleren zesummen, an zanter 2023 aus 17.
No de Gemengewalen 2023 hat d'CSV hir 8 Sëtz zwar behalen, hat awer keng absolut Majoritéit méi, well d'Zuel vun de Conseillere vu 15 op 17 eropgesat gouf. Et koum dunn zu enger CSV-DP-Koalitioun[5].
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | Lénk | PPL |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 7 | 5 | 1 | 1 | 0 | - |
| 2005 | 6 | 4 | 3 | 2 | - | - |
| 2011 | 7 | 4 | 3 | 1 | 0 | - |
| 2017 | 8 | 3 | 3 | 1 | 0 | - |
| 2023 | 8 | 4 | 3 | 1 | - | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- ...
- 1844 - ≥1868: Dominique Stiff[6][7][8][9][10]
- ...
- ? - ? : Nicolas Hippert
- ...
- 1938 - 1941[11]: Ferdinand Kuhn
- 1941 - ...: K. Löckler (Amtsbürgermeister)[11]
- 1945 - 1957[12]: Camille Mersch
- 1958[13] - 1963: Nicolas Entringer
- 1964 - 1964: Albert Bousser (LSAP)[14]
- 1964 - 1969: Joseph Felten (LSAP)
- 1970[15] - 1975: Pol Jomé (DP)
- 1975 - 1999: Alphonse Theis (CSV)
- 1999 - 2008: Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen (CSV)
- 2009 - 2025[16]: Marc Lies (CSV)
- zanter 2025: Diane Adehm (CSV)[17]
Partnerschaft mat enger auslännescher Stad
[änneren | Quelltext änneren]Bekannt Hesper Leit
[änneren | Quelltext änneren]- Albert Bousser (1906-1995), Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker
- Adolphe Deville (1935-2022), Sculpteur
- Jempy Engel (1904-1960), Vëlossportler
- Nicolas Engel (1902-1946), Vëlossportler
- Georges Heisbourg, (1918-2008), Resistenzler, Diplomat an Auteur
- Victor Kremer (1932-2010), Schéisser an Olympionik
- Claude Lamberty (*1976), Enseignant a Politiker
- Roger Manderscheid (1933-2010), Schrëftsteller an Dréibuchauteur
- Josy Polfer (1929-1976), Vëlossportler an Olympionik
- Fernand Rau (1940-1994), Ekonomist a Politiker
- Othon Scholer, (1929-2015), Philolog, Professer an Auteur
- Tuffy Speicher (1909-1982), Foussballspiller an Olympionik
- Emmanuel Tesch (1920-2011), Chimiesingenieur a Manager
- Charles Waringo, (1920-2015) Gewerkschaftler, Lokalpolitiker an Auteur
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Park bei der Gemeng zu Hesper
- Sprangbuer vun der Manon Bertrand
- D'Buerg Hesper
- D'Skulptur La Nageuse vum Lucien Wercollier am Hall vum Gemengenhaus
- De Stade Albert-Kongs vum FC Blo-Wäiss Izeg
- Den Holleschbierg mam Sportzenter a mam Stade Alphonse Theis
- De Kéibuer mat sengen zwou bemierkenswäerte Buchen
Veräiner
[änneren | Quelltext änneren]- De Klima- an Ëmweltveräi vun Hesper, KlimaWelt
- De Foussballveräi vun Hesper, FC Swift Hesper
- De Foussballveräi vun Izeg, FC Blo-Wäiss Izeg
- De Basketveräi vun Hesper, BBC Telstar Hesper
- Den Tennisveräi vum Houwald, TC Howald
- D'Société de tir aux armes sportives de Hesperange
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Hesper – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Hesper
- D'Gemeng Hesper op der Websäit vum Syvicol
- Websäit vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper
- emweltportal&hesper info - Fotoe vun der Gemeng Hesper
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
- ↑ Roland Schumacher, in: Fédération Nationale de la Mutualité Luxembourgeoise, brochure de l'Assemblée Générale Statuaire 1996 (samedi, 27 avril 1996, salle "Amiperas" à Hesperange), Luxembourg 1996, S. 4 (leicht korrigierte Fassung).
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 131 (fr).
- ↑ (de) In diesen Gemeinden stehen die Schöffenräte bereits fest. luxemburger-wort-online. wort.lu (20.06.2023). Gekuckt de 06.07.2023.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Circulaire du 22 avril 1848 N° 4984-136 concernant la publication de la liste des députés élus lors des élections du 19 avril courant. legilux.public.lu.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 22 janvier 1849, n° 6, portant nomination de bourgmestres. In: Verwaltungs- und Verordnungsblatt des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, nº 7 (30.01.1849), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Avis. — Nomination de bourgmestres." In: Memorial des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, nº Zweiter Theil.13 (18.03.1861), p. 121 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg.
- ↑ Avis. — Nomination d’un bourgmestre. In: Memorial des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, nº Zweiter Theil.25 (27.06.1868), p. 221 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- 1 2 Amtseinführung in Hesperingen. In: Luxemburger Wort, 1941. Jg., nº 327 (25.11.1941), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ Avis de décès 1 Page 5. In: Luxemburger Wort, 110. Jg., n° 197 (16.07.1957), p. 5 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Hesperingen feiert seinen neuen Bürgermeister. In: Letzeburger Journal, 78. Jg., nº 76 (02.04.1958), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg.
- ↑ Hesperingen. In: Tageblatt, nº 236 (13.10.1964), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ P. Jomé, neuer Bürgermeister von Hesperingen. In: Journal, 89. Jg., nº 236 (20.10.1969), p. 5 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ "Hesperange: Marc Lies démissionne de son poste de bourgmestre." virgule.lu, 02.06.2025.
- ↑ "No Récktrëtt vum Marc Lies: D'Diane Adehm gëtt nei Buergermeeschtesch vun Hesper." rtl.lu, 04.06.2025.
- ↑ https://www.sias.lu/de/

