ISBN
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: hat vun Ufank un den Update verpasst |

ISBN ass d'Ofkierzung fir d'international Standardbuchnummer (englesch: International Standard Book Number), eng Nummer, déi et erlaabt, Bicher eendeiteg zu identifizéieren. D'ISBN baséiert op der internationaler Norm ISO 2108 aus dem Joer 1972.
Zanter dem 1. Januar 2007 huet ISBN 13 Stellen; virdrun waren et nëmmen zéng.
Bicher, déi zu Lëtzebuerg erauskommen, hunn op der 4. Plaz (engl. Language Group) vun der ISBN Nunmmer ëmmer eng 2 fir Franséisch stoen, och wann d'Buch op Däitsch oder Lëtzebuergesch, oder soss eng Sprooch geschriwwen ass.
Fir eng Nummer ze kréie muss een op d'mannst véier Bicher bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik hannerleeën (kuckt: Dépôt légal).
Fir Zäitschrëften a Publikatiounsserië besteet d'ISSN-Nummer (engl. International Standard Serial Number).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- IsbnCheckAndFormat, een ISBN Préiftool vun der Wikimedia Foundation
| Commons: ISBN – Biller, Videoen an Audiodateien |