Op den Inhalt sprangen

ISSN

Vu Wikipedia

ISSN ass d'Ofkierzung fir d'international Standardseriennummer (englesch: International Standard Serial Number), eng Nummer, déi et erlaabt, Zäitschrëften a Publikatiounsserien eendeitig z'identifizéieren. D'ISSN baséiert op der internationaler Norm ISO 3297 aus dem Joer 1975. De Pendant vun der ISSN bei de Bicher ass déi méi bekannt ISBN (engl. International Standard Book Number).