Op den Inhalt sprangen

Gemeng Fiels

Vu Wikipedia
Gemeng Fiels
D'Gemengenhaus am fréieren De Roebé-Schlass
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Larochette
de: Fels
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Buergermeeschter Mirko Martellini
Awunner 2.241
  1. Januar 2026
Fläch 1.542,6538 ha
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 47’ 01’’ N
      06° 13’ 10’’ E
LAU-Code LU0406
Websäit http://www.larochette.lu/
Gegrënnt 1. Oktober 1795
D'Gemeng Fiels (orange) am Kanton Miersch (rout)

Kaart

D'Gemeng Fiels ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Fiels, vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 2.241 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Ärenzdall Wandrous
Noumer N Hiefenech
W    Fiels    O
S
Fëschbech

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Fielsser Géigend war, wéi et schéngt, schonn zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.

Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielsser Buerg bestëmmt.

D'Gemeng Fiels ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[3]:

De gueules à la tour d'argent maçonnée de sable, accostée de deux écussons d'or à la croix ancrée de gueules.
D.C. 20. Juni 1985 - A.M. 7. Mee 1986 - Mémorial B 1986, Säit 574 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1985.


Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer90012001500180021002400180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1797 - 1798: Gindt Antoine
  • 1798 - 1799: Lais Dominique
  • 1799 - 1801: Weydert Jean-Baptiste
  • 1801 - 1808: Metzler Balthasar
  • 1808 - 1815: de Cassal Antoine-Ignace
  • 1815 - 1818: Klein Mathias
  • 1818 - 1830: Prim Jean
  • 1830 - 1844: Hansen-Weydert Michel
  • 1844 - 1845: Pierre Scharlé[4]
  • 1845 - 1871: Jean Sinner
  • 1872 - 1890: Jean Knaff
  • 1891 - 1899: Nicolas Lutgen
  • 1900 - 1901: Jean Treinen
  • 1902 - 1911: Nicolas Thilmany[5]
  • 1912 - 1917: Nicolas Prim[6]
  • 1918 - 1921: Nicolas Ludovicy[7]
  • 1921 - 1928: Michel Sinner
  • 1928 - 1949: Jules Zinnen
  • 1950 - 1959: Nic Wagner
  • 1960 - 1975: Pierre Ginter
  • 1976 - 1990: Victor Weydert
  • 1991 - 2017: Pierre Wies
  • 2017 - 2023: Natalie Silva
  • zanter 2023: Mirko Martellini[8]

Fusiounspläng

[änneren | Quelltext änneren]

Eng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech gouf den 9. November 2014 an engem Gemenge-Referendum refuséiert: Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dergéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[9]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Fiels ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Fiels – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. ↑ Mémorial B – Recueil de législation, 7. Mee 1986, digitaliséiert op Wikimedia Commons: commons:Mémorial B 1986-05-07 Larochette.jpg.
  4. ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. ↑ Mémorial N°46 - Arrêté grand-ducal du 16 juillet 1911, démission honorable a été accordée, sur sa demande, à M. Nic. Thilmany de Larochette des fonctions de bourgmestre.
  6. ↑ Obermosel-Zeitung, 10. Juli 1917: Nikolaus Prim hat seine Entlassung als Bürgermeister eingereicht.
  7. ↑ Nicolas Ludovicy op der Säit iwwer d'Brosserie moderne an der Fiels op www.industrie.lu
  8. ↑ "Fiels: Mirko Martellini gëtt neie Buergermeeschter." rtl.lu, 14.06.2023.
  9. ↑ "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.